Et wier grondsätzlech schwéier fir Hëtzt aus engem Gebai erëm erauszekréien. Ënner anerem duerch Storen oder Rolllueden, déi baussent de Fënstere sinn, kéint ee sech virun direkter Sonnestralung schützen. Mee och Begréngung, déi Schiet mécht, wier sënnvoll, esou de Fenn Faber.
D'Fro vun der Klimaanlag
Wann et bannen awer waarm gëtt, wiere Bëleftungssystemer, wéi se an neie Gebaier Standard sinn, eng gutt Léisung. Vu Klimaanlagen ass den Direkter vun der Klimaagence dogéint net ganz iwwerzeegt.
"Et ass ganz kloer, datt mir natierlech Extreemsituatiounen hunn an datt et och definitiv Fäll gëtt, déi wierklech entspriechend Mesuren erfuerderen. Zum Beispill bei ale Leit, a Fleegestrukturen, a Klinicken an och a Schoulen oder ëffentleche Gebaier."
An awer misst een en Equiliber tëschent de Käschten an dem Notzen hunn, fënnt de Fenn Faber.
"Et ass och eng gesondheetlech Fro, déi een och muss consideréieren. Dat heescht, dat wat mir soen, ass eigentlech sech geziilt Gedanken ze maachen: Hunn ech eigentlech alles probéiert, wat ech ka probéieren, fir et an deem Sënn ze vermeiden? Wann et net aneschters geet, dann, an et ass vläicht och eng punktuell Approche."
Wärend der Nuecht, oder an de fréie Moiesstonnen ze lëfte kéint zousätzlech hëllefe bannenan ze killen, esou nach den Direkter vun der Klimaagence Fenn Faber. Esoubal et baussen awer méi waarm ass wéi bannen, misst een d’Fënsteren onbedéngt zoumaachen.
Lauschtert hei de ganzen Interview mam Klimaagence-Direkter Fenn Faber