arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hëtzt: Nieft offizielle Recommandatioune wier och de gesonde Mënscheverstand gefrot

Hëtztwell

|
reading time

2 min

headphones

9 min

play_arrow

Hëtzt: Nieft offizielle Recommandatioune wier och de gesonde Mënscheverstand gefrot

Wärend der Hëtztwell d'lescht Woch hätten d'Rettungsdéngschter zu Lëtzebuerg ënner Drock gestanen, eng richteg Krisesituatioun wier et awer nach net gewiescht. Dee Bilan zitt den Haut Comissaire à la Protection Nationale Guy Bley de Moien am 100,7 Interview.

reading time

2 min

headphones

9 min

play_arrow
© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Eng richteg Krisesituatioun wier eréischt dann erreecht, wa schwiereg a politesch Decisiounen ze huele wieren. An deem heite Fall wier een awer nach am operationelle Beräich gewiescht, wou ee probéiert huet déi verschidde Servicer ze koordinéieren, huet de Guy Bley erkläert. Den HCPN hätt dann d’lescht Woch och éischter drop gesat fir Recommandatiounen erauszeginn amplaz Obligatiounen.

"Mir sinn awer der Meenung gewiescht, datt d'Mënsche selwer och kënnen Decisiounen huelen a sech kënnen op eng gutt Aart a Weis verhalen."

Et wier net ëmmer gutt, wann ee mat Interdictioune fonctionéiert, esou de Guy Bley. 

"Mir hunn och un de gesonde Mënscheverstand gegleeft a gemengt, wann ee géif ganz staark Recommandatioune maachen, an et si jo och reegelméisseg Recommandatiounen erausgi ginn, et sinn ëmmer erëm Rappeller gemaach ginn a mir hu gemengt, datt dat och géif duergoen."

Den Haut Commissariat à la Protection Nationale hätt iwwerdeems och probéiert déi ganz Bevëlkerung ze informéieren andeems een d’Recommandatiounen a verschidde Sproochen iwwer verschidde Kanäl diffuséiert hätt, esou nach de Guy Bley.

Wéinst der Hëtztwell hätten déi nationale Rettungsdéngschter iwwerdeems, ëm 70 Prozent méi Interventiounen dëse Weekend gehat, esou de Generaldirekter vum CGDIS Paul Schroeder am 100,7 Interview.

play_arrow Lauschteren