Dës Detailer hunn den Ëmweltminister an de Wirtschaftsminister op eng parlamentaresch Fro zum Theema vun der CSV ginn.
E Waasserverbrauch vu 6 Millioune Kubikmeter am Joer 2024
Lëtzebuerg wëllt jo zum digitale KI-Standuert ginn, mee de Stroumverbrauch vun Datenzenteren, déi fir KI-Systemer gebraucht ginn, kéint sech weltwäit bis 2030 verduebelen.
Déi Projektioun mécht déi international Energieagence.
De Waasserverbrauch fir d‘Datenzenteren ze killen, géif manner systematesch erfaasst ginn, esou d‘Ministeren, mee virun zwee Joer hätt ee bei bal 6 Millioune Kubikmeter geleeën.