arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi mat Belsch a Frankräich: Grenzalarmplang mat Rheinland-Pfalz geplangt

Lëtzebuerg - Däitschland

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Wéi mat Belsch a Frankräich: Grenzalarmplang mat Rheinland-Pfalz geplangt

Lëtzebuerg an dat däitscht Bundesland Rheinland-Pfalz wëllen zesummen e Grenzalarmplang ausschaffen. Déi Annonce hunn de Rheinland-pfälzeschen SPD-Inneminister Michael Ebling an den CSV-Inneminister am Kader vun hirer Visitt vum CGDIS gemaach. Weidert Thema vun der Entrevue waren d’Grenzkontrollen.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Den Inneminister Léon Gloden huet am Kader vun der Aarbechtsvisite vu sengem Homolog aus Rheinland-Pfalz Michael Ebling nach eng Kéier betount, datt een op e séiert Enn vun de Grenzkontrollen op däitscher Säit hofft. 

“Ech hunn dat d'lescht Woch nach eng Kéier zu Bréissel och eng Kéier kloer ënnerstrach. An dofir war ech ëmsou méi frou ëm déi Pressematdeelung vum Bundeskanzler. Leider steet kee prezisen Termin dran."

Och Rheinland-Pfalz kee Frënd vun de Grenzkontrollen

Déi illegal Immigratioun an d’EU, wéi och an Däitschland wier däitlech zeréckgaangen, esou de Léon Gloden. Et wier dofir elo wierklech un der Zäit Schengen nees 100 Prozent ausliewen ze kënnen, esou nach den CSV-Inneminister.

Mee och de Rheinland-pfälzeschen Inneminister Michael Ebling ass kee Supporter vun de Grenzkontrollen, déi déi däitsch Regierung agefouert huet.

“Die Grenzkontrollen, die Deutschland eingeführt hat, liegen uns im Magen, auch in Rheinland-Pfalz, das hat die Landesregierung an verschiedenen Stellen deutlich gemacht, auch unser Ministerpräsident,, dass das in diesen Grenzraum nicht gehört.” 

Niewent de Grenzkontrollen, war och d’Ausschaffe vun engem gemeinsamen Grenzalarmplang Thema. Mat der Belsch a Frankräich besteet schonn esou een. De Léon Gloden erkläert, datt et heibäi ëm déi polizeilech Zesummenaarbecht am Fall vu beispillsweis enger Terrorattack geet.

Do géifen et dann op de Grenzen konkret Ulafstellen ginn, wou sech d’Autoritéiten ënnerteneen austausche kënnen, fir sou séier wéi méiglech ze handelen an hir Aktiounen ze koordinéieren, esou nach de Léon Gloden.

play_arrow Lauschteren