Wann dëse Phenomen an engem bewunnte Gebitt geschitt, da géif dat awer natierlech fir vill Opreegung suergen, esou den Expert aus dem Naturmusée.
Dat wat ee Sonndeg erof gefall ass, wier “am Prinzip ee Stéck Steen”, huet den Eric Buttini am 100,7-Interview erkläert.
“Dat ass en Iwwerrescht eigentlech vun der Entsteeung vum Sonnesystem.”
Beobachtungsprojeten nëmme fir méi déck Stécker
Et wier net méiglech virauszegesinn, wéini Weltraummaterial an d’Äerdatmosphär andréngt a villäicht och op der Äerd ukënnt.
“Nee, bei esou klenge Phenomeen kann een dat net gesinn. Déi Stécker, déi kann een net beobachten, wa se nach net ukommen.”
Bei méi décke Stécker wéisst een awer, datt se eng potentiell Gefor fir d’Äerd kéinte bedeiten.
“Dat heescht, bei 50 bis 100 Meter, do ka schonn esou vill Energie fräigesat ginn, datt eng ganz Stad kann eeben zerstéiert ginn. An do ginn et international Beobachtungsprojeten.”
Et wier awer net esou, datt iergendwou een Asteroid um Radar wier, deen eng Gefor géif bedeiten. Momentan géif et kee bekannten Asteroid ginn, deen a Richtung Äerd ënnerwee wier, esou den Eric Buttini vum Naturmusée.
Et wier och historesch kee Phoneemen bekannt, bei deem ee Mënsch duerch een Asteroid direkt getraff gi wier, an doduerch gestuerwe wier.
Wëssenschaftlech Analysen
D’Material, dat ee Sonndeg zu Koblenz een Hausdaach beschiedegt hat, géif elo vu Wëssenschaftler analyséiert ginn, fir ze kucke wat dat fir ee Meteorit war.
“Verschiddener, ganz, ganz rar Meteoritten, déi kaschten e puer dausend Euro de Gramm.”
Dat wat ee Sonndeg erof gefall war, wier awer warscheinlech keen esou een, esou den Expert.
Den Eric Buttini ass Geophysiker an Astrophysiker beim Naturmusée.