MeteoLux warnt viru glëtschege Konditiounen op de Stroossen a preziséiert: Déi Warnung kéint am Laf vum Dag nach ugepasst ginn.
Gëschter Owend hat MeteoLux gemellt, datt fir haut de Moien tëschent 3 Auer an 10 Auer - am Guttland bis 8 Auer - ee gréissere Risiko fir Glëtz géif bestoen. Et géif also gëllen opzepassen.
Tëschent 6 Auer an 9 Auer géif den Haaptrisiko fir Glëtz am Éislek bestoen, am Guttland géif et éischter ee lokale Risiko dofir ginn.
D'Situatioun an Däitschland
An Däitschland gouf wéinst dem Äisreen de Presenz-Unterrecht a ville Schoulen ofgesot. Dorënner am Saarland, wou haut op Distanz-Unterrecht ëmgestallt gouf. D‘Schüler a Schülerinne ginn opgeruff, doheem ze bleiwen. Wann dat net méiglech ass, bidden d‘Schoulen eng Noutbetreiung un. Dat selwecht gëllt nach ënner anerem fir d‘Länner Nordrhein-Westfalen, Bremen a fir grouss Deeler vun Niedersachsen.