arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Grenzeuropäerin" Anke Rehlinger hofft op e séiert Enn vun de Grenzkontrollen

Ministerpresidentin op Visitt

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

"Grenzeuropäerin" Anke Rehlinger hofft op e séiert Enn vun de Grenzkontrollen

Souwuel Lëtzebuerg, wéi och d'Saarland wiere "klein, aber vor allem auch sehr fein". Dat huet déi saarlännesch Ministerpresidentin Anke Rehlinger bei hirer Visitt am Grand-Duché betount. Gläich op e puer Niveaue wëllt een an Zukunft méi enk zesummeschaffen.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Ministerpresidentin
(Foto: Ministerpresidentin)

Op enger gemeinsamer Pressekonferenz mam Premier Luc Frieden huet d‘Anke Rehlinger déi enk Lienen tëschent dem Saarland a Lëtzebuerg ervirgehuewen.

"Wir haben eine große Gemeinsamkeit"

Dat klengt Bundesland an de Grand-Duché wëllen en Testfeld fir déi autonom Conduite mat Autoen ouni Chauffeur ginn. Dat huet déi saarlännesch Ministerpresidentin Anke Rehlinger haut um Donneschdeg no enger Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg erkläert.

D‘Zesummenaarbecht soll ënner anerem och nach an de Beräicher Waasserstoff, Kënschtlech Intelligenz an Zivilschutz verstäerkt ginn, esou déi saarlännesch Ministerpresidentin. 

Lëtzebuerg an d‘Saarland wiere gutt Frënn an hätte Villes gemeinsam.

"Wir haben eine große Gemeinsamkeit. Wir sind klein, aber wir sind vor allem auch sehr fein. Und so wie sich Luxemburg immer in der Lage sieht, auch im europäeschen Kontext duerchzesetzen, mit seinen Interessen, so wollen und werden wir das auch immer tun als kleines Bundesland in unserem föderalen Staat, in der Bundesrepublik."

play_arrow Anke Rehlinger

Doriwwer eraus wier een allebéid bekennend Europäer. D'Anke Rehlinger huet an deem Kontext de Begrëff "Grenzeuropäer" genannt.

Enn vun de Grenzkontrollen: Keng weider Detailler bekannt

Wat d‘Grenzkontrollen dann ugeet, déi Däitschland mat sengen Nopeschveräiner nees ageféiert hat, hunn déi saarlännesch Ministerpresidentin an de Luc Frieden betount: Si géifen hoffen, datt Däitschland déi Grenzkontrolle geschwënn nees kann ofschafen.

Den däitsche Kanzler Friedrich Merz hat dës Woch gesot, den Accord vun den EU-Länner fir eng verschäerfte Migratiounspolitik géif fir Däitschland d‘Viraussetzunge schafen, d‘Grenzkontrollen nees ofzeschafen.

En Datum dofir gëtt awer nach net.

play_arrow Lauschteren