Den neien EU-Asylpak gesäit een Ëmverdeele vu Refugiéen an der EU vir. D’Grenzkontrolle sollen dann nees un den EU-Baussegrenzen duerchgeféiert ginn, esou de Friedrich Merz.
Um Weekend nach hat de Lëtzebuergeschen Inneminister Léon Gloden an engem Interview en Opruff gemaach, fir d‘Kontrollen tëschent Lëtzebuerg an Däitschland op en Enn ze bréngen.
Am Mee huet Däitschland mat de Grenzkontrollen ugefaangen.