Lëtzebuerg huet d’Kommissioun bekanntlech schonn am Februar gefrot fir ze analyséieren, ob d’Kontrollen op der Grenz tëschent Lëtzebuerg an Däitschland néideg an efficace sinn. En Dënschdeg huet den Innenminister Léon Gloden op enger Reunioun mat sengen Homologen um Kierchbierg nach eng Kéier nogehaakt.
"Ech wëll nach eng Kéier d'Kommissioun ganz kloer opfuerderen, datt mir elo endlech deen Avis do kréien, wou si d'Krittäre vun der Proportionalitéit an och vun der Necessitéit analyséieren. Eis Positioun ass kloer. Ech hoffen, datt d'Kommissioun Lëtzebuerg do Recht gëtt."
Brunner: D’Kooperatioun tëschent Däitschland a Lëtzebuerg funktionéiert
Eng Äntwert vun der Europäescher Kommissioun krut de Léon Gloden awer net. Och keng Ausso doriwwer, wéi laang Lëtzebuerg nach dorop waarde muss. Den zoustännegen EU-Kommissär Magnus Brunner sot op eis Nofro hin:
"Eng Timeline hunn ech net, mee mir schaffen drun, natierlech."
Hien hätt gëschter um Dënschdeg um Kierchbierg eng Entrevue mam Lëtzebuerger Minister gehat.
Et wier wichteg, datt d’Länner ënnereneen enk zesummeschaffen, an dat wier hei de Fall, esou de Magnus Brunner. Et géif deemno Verbesserunge ginn, esou de Constat vum EU-Kommissär, well déi Kooperatioun tëschent Däitschland a Lëtzebuerg géing funktionéieren.
Intern Kontrollen néideg, well déi extern net funktionéieren
Op d’Fro, ob hien denkt, datt de Schengen-Raum jeemools nees ouni intern Kontrolle kéint funktionéieren, huet den Éisträicher op den Asylpak verwisen, dee soll bis am Juni d’nächst Joer a Kraaft trieden. Géingen dann d’Kontrollen op den externe Grenze klappen, wieren déi intern iwwerflësseg, esou de Magnus Brunner.
Eng Argumentatioun, déi esou och vun däitscher Säit reegelméisseg ze héieren ass.
Den Innenminister Léon Gloden konnte mir en Dënschdeg net froen, wéi zefridden hie mat där Ausso ass, well hien den Interview, dee virdrun ofgemaach war, kuerzfristeg ofgesot huet.