Rezent hat och den däitsche Kanzler Friedrich Merz gesot, hie wéilt sech op EU-Niveau dofir asetzen, de geplangte Verbuet vun neien Autoe mat Verbrennermotoren vun 2035 un, méi labber ze maachen.
De Ministerpresident vu Rheinland-Pfalz, den Alexander Schwitzer vun der SPD, sot, d‘Elektromobilitéit wierr zwar d‘Zukunft, mee et misst eng Iwwergangsphas ginn, fir déi däitsch Autosindustrie ze schützen.
De bayresche Ministerpresident Markus Söder vun der CSU sot sengersäits, d‘Klimaziler an Europa wier bis 2035 net ze erreechen a géifen de Wuelstand a Gefor bréngen.