arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EuGH entscheet méi Streng Reegele fir Zalando

Däitsch Onlineplattform

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

EuGH entscheet méi Streng Reegele fir Zalando

D'Europäescht Geriicht bestätegt d’Decisioun vun der Europäescher Kommissioun, datt den Onlineshop Zalando "eng ganz grouss Onlineplattform" ass. Den Onlineshop Zalando hat dës Decisioun vun der Europäescher Kommissioun viru Geriicht ugefecht. De Recours ass awer elo ofgeleent ginn.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/HANNIBAL HANSCHKE
(Foto: EPA/HANNIBAL HANSCHKE)

2023 hat d’Europäesch Kommissioun - am Kader vum Gesetz fir digital Déngschter, dem digital Service Act - den Onlineshop Zalando als "ganz grouss Onlineplattform" agestuuft. 

Dat huet als Konsequenz, datt Zalando domat méi strenge Reegelen ënnerläit, virun allem a Saache Verbraucherschutz an der Bekämpfung vun der Verbreedung vun illegalem Contenuen.

Notzer:inne vu Partnerprogrammer

D'Europäesch Kommissioun huet dës Entscheedung getraff, well déi duerchschnëttlech Zuel vun den Notzerinnen an Notzer iwwer den 10 Prozent vun der Bevëlkerung vun der Unioun loung.

Zalando zielt am Duerschnëtt pro Mount ronn 83 Milliounen Notzerinnen an Notzer.

Den Onlineshop fir Modeartikel a Schéinheetsproduiten hat dës Decisioun constatéiert, mat der Argumentatioun, datt gutt 30 Millioune vun den Notzerinnen an Notzer vu Partnerprogrammer géife kommen.

Iwwer Zalando kënnen nämlech och extern Drëttubidder hir Produite verkafen. D'Notzerzuele wieren also falsch interpretéiert ginn, sot Zalando.

83 Milliounen Notzerinnen an Notzer

Viru Geriicht konnt den Onlineshop awer keng kloer Zuelen op den Dësch leeën, wéi vill Notzerinnen an Notzer zu de Partnerprogrammer zielen, a wéi vill zu Zalando selwer.

Also huet d’Geriicht misse vun den 83 Milliounen Notzerinnen an Notzer ausgoen an huet d’Decisioun vun der Europäescher Kommissioun ënnerstëtzt: Zalando zielt also elo offiziell zu de "ganz groussen Onlineplattformen".

Géint d’Urteel kann nach Appell beim Europäesche Geriichtshaff ageluecht ginn.

play_arrow Lauschteren