De Léon Gloden hat d’lescht Woch an der Chamber annoncéiert, datt hien dëst mat sengem däitschen Homolog Alexander Dobrindt ausgemaach hätt.
Déi fest Grenzkontroll op der Schengener Autobunn soll fortkommen. Wou d’Grenzkontrollen awer nodeems solle stattfannen a wéi dëst genau ausgesäit, konnt de Léon Gloden net beäntweren. Dat wier nämlech operationell Aarbecht vun der Police.