De Luxembourg Institute for science and technology (LIST) wëllt bis 2030 Virreider op sengen Haaptfuerschungs-Gebidder ginn: dat sinn d’Ëmwelt, d’Bauen an d’Industrie.
Dat huet den neie Generaldirekter Olivier Guillon um Donneschdeg virun der Press betount.
Méi Besoin fir Fuerschung zur Defense
Donieft wéilt ee sech beim LIST déi nächst Joren och op d’Theeme Weltraumfuerschung, Kënschtlech Intelligenz an Defense konzentréieren. Grad am Beräich vun der Verteidegung wier de Besoin u Fuerschungsresultater déi lescht Jore geklommen, esou den Olivier Guillon.
"Nous observons une augmentation significative de nos activités en termes de recherches depuis 2-3 ans. Nous avons actuellement une trentaine de projets de recherche dans ce domaine, les matériaux avancés, la cybersécurité, l'intelligence artificielle. Et notre mission en tant que Centre de recherche national, c'est de soutenir la politique du Luxembourg, du Gouvernement. Et donc nous voyons ce domaine d'activité comme actuel, très actuel, en développement dynamique."
De LIST leet aktuell 152 Fuerschungsprojeten op nationalem Niveau an 111 Projeten op EU-Niveau. Alles an allem krut d’Institut am Joer 2024 Ënnerstëtzunge vu ronn 110 Milliounen Euro.
Dës Zuelen huet den Olivier Guillon um Donneschdeg genannt. Den däitsch-franséische Materialfuerscher am Beräich Energie ass zënter dem 1. September 2025 Generaldirekter vum LIST.