arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat d'Bezos-Firma Blue Origin Lëtzebuerg brauch - an ëmgedréit

Weltraum

|
reading time

4 min

Firwat d'Bezos-Firma Blue Origin Lëtzebuerg brauch - an ëmgedréit

Blue Origin, eng Weltraum-Entreprise vum Amazon-Grënner Jeff Bezos, mécht zu Lëtzebuerg e Büro op. Dat huet de Wirtschaftsminister Lex Delles lescht Woch annoncéiert. Politik hin oder hier: d'US-Firma wier e Gewënn fir de Lëtzebuerger Space-Secteur, seet de CEO vun der Luxembourg Space Agency.   

reading time

4 min

Marc Serres | © Jo Diseviscourt
Marc Serres (Foto: Jo Diseviscourt)

D’Decisioun, datt d’Bezos-Firma op Lëtzebuerg kënnt, stoung awer scho méi laang fest, verréit de Marc Serres am 100,7-Interview. Hien ass de CEO vun der Luxembourg Space Agency. Muer um Mëttwoch sollen d’Büroen ageweit ginn.

Lëtzebuerg huet seng Kontakter spille gelooss

Blue Origin wäert sech zu Lëtzebuerg op zwee Beräicher konzentréieren: D’Gestioun vun hire Fournisseuren a Saache Rakéiten, an d’Recherche.

Déi US-amerikanesch Entreprise huet virun e puer Joer eng Firma opkaf, mat där een als Luxembourg Space Agency schonn enk Kontakter hat, well si op Weltraum-Ressourcë spezialiséiert war. Et ass genee dee Secteur, deen och zu Lëtzebuerg ugesidelt ass.

“Lëtzebuerg ass scho jorelaang ugesinn als ee Leader an deem Beräich. Mir hu vill Kontakter mat villen Acteure gebündelt. Den Objektiv war definitiv eng Kooperatioun mat hinnen (Blue Origin) ze hunn.”

Blue Origin wäert an hiren zukünftege Missiounen dann och lëtzebuergesch Acteuren implizéieren, wéi zum Beispill GomSpace oder nach den ESRIC (European Space Resources Innovation Centre).

De Standuert Lëtzebuerg bitt vill Virdeeler

Groussen Entreprisë wéi Blue Origin misst ee kee finanziellen Ureiz bidden, fir datt se sech fir de Standuert Lëtzebuerg entscheeden, seet de Marc Serres. Dat wier bei méi klengen Entreprisen de Fall.

Grad wat hir Liwwerketten ugeet wier Lëtzebuerg en intressante Standuert fir Blue Origin gewiescht. Well d’Entreprise nämlech mat ville Länner zesummeschafft, sinn d’Méisproochegkeet an de Multinationalismus zu Lëtzebuerg e grousse Virdeel.

Steiervirdeeler géing ee mat Entreprisen net beschwätzen, betount de Marc Serres.

Dobäi kënnt, datt Lëtzebuerg dat eenzegt Land an Europa ass, dat de Volet vun de Weltraum-Ressourcen esou héich op der Agenda stoen huet. Dat ass wichteg en Vue vun enger ganz spezieller Missioun, déi Blue Origin virhuet.

De Mound kartographéieren

Et soll drëm goen, d’Ressourcen um Mound ze kartographéieren. Et ginn zwar schonn Informatiounen dozou, seet de CEO vun der LSA, mee déi wieren nach net prezis genuch.

D’Missioun gesäit de Lancement vun engem “Lander” vir, also engem Gefier, dat um Mound lande kann. Um Lander attachéiert sinn eng Rei kleng Satellitten, déi kuerz virun der Landung um Mound detachéiert ginn. Déi ëmkreesen da wärend e puer Wochen de Mound a kommen der Uewerfläch ëmmer méi no. Esou kënne ganz prezis Donnéeë gesammelt ginn.

D’Kaarten, déi doropshin erstallt ginn, kënnen dann un aner Entreprisen oder Agencë verkaf ginn. D’NASA, déi US-amerikanesch Weltraumagence, wier e potentielle Client, seet de Marc Serres. Wa si nämlech an Zukunft wëssenschaftlech Analysen um Mound wëlle maachen, da wësse si genee, wou si lande mussen.

Politik hin oder hier: D'USA bleiwen dee gréissten Acteur

Stéchwuert USA: Aktuell ass et net grad ugesot, mat Amerika Business ze maachen. Och den Image vum Jeff Bezos huet gelidden, well hie sech als Trump-Supporter geoutet huet. Am Space-Secteur misst een dat kënnen ausblenden, seet de Marc Serres.

Fakt ass, datt d’USA ëmmer nach de gréissten Investisseur an deem Secteur sinn.

“An Europa bleiwe mir ofhängeg vun hiren Technologien. Si hu méi Moyene fir Saachen ze entwéckelen. Kollaboratioune si fir Lëtzebuerg néideg, well mir kënnen net alles maachen. Mir hunn eis Nischen, eis Spezialisatiounen, mee wa mir wëlle matspillen, da musse mir dat mat anere maachen.”

ispace-Europa schafft un neier Missioun

E rezente Versuch, fir eng Missioun mat Lëtzebuerger Bedeelegung ze starten, gouf vun der Firma ispace-Europe lancéiert. E Moundrover sollt Stëbs vum Mound sammelen. Déi Missioun ass allerdéngs gescheitert, well de Rover ze séier op der Mounduewerfläch opgesat hat.

ispace-Europe huet awer nach e weidere kommerzielle Projet mat enger anerer Firma um Lafen, seet de Marc Serres. Zesumme mat der japanescher Agence an der ESA, déi europäesch Weltraumagence, soll eng nei Missioun opgesat ginn.

Forméiert Leit loosse sech och schonn zu Lëtzebuerg fannen 

Wat Blue Origin ugeet sinn d’Aktivitéiten zu Lëtzebuerg natierlech net immens personalintensiv. Déi Leit, déi ee bräicht, géing een zum Deel schonn hei am Land fannen, betount de Marc Serres. Virun 10 Joer hätt een och nach net déi Diversitéit am Secteur gehat, esou datt d’Leit elo méi Choix hu fir och an hirer Karriär virunzekommen.

Fir de Rescht géing Lëtzebuerg weider attraktiv bleiwe fir Leit aus dem Ausland.

“De Fait, datt mir esou oppe sinn, esou international. D’Leit fille sech direkt doheem.”

Datt Blue Origin wéi e Magnéit wierke kann a weider Firmen unzitt, dorop hofft de Marc Serres. D’SES wier e gutt Beispill dat weise géing, datt dat klappe kann.