D’Constructioun vum Terrain gëtt vun engem privaten Entrepreneur iwwerholl, deen en da fir néng Joer un de Staat verloune wäert. Insgesamt wäert sech de Käschtepunkt op 195,5 Milliounen Euro belafen.
Marc Baum: "En dystopesche Gedanken"
Just déi Lénk haten hir Bedenken an hu sech enthal, erkläert de de Marc Baum.
"Wou mir fannen, datt dat awer problematesch ass, dat ass déi direkt Verlinkung mam Defense-Secteur, wou an eisen Aen dat heite vill ze direkt op eng verdeedegungspolitesch Dimensioun erofgebrach gëtt, wou et drëm geet, sech Froen ze stellen a wéi wäit dat hei net zu eisen NATO-Obligatioune gehéiert, mat aller Problematik an Diskussiounswürdegkeet, déi d'NATO als Institutioun am Moment duerstellt."
De Marc Baum schwätzt ausserdeem vun engem "dystopesche Gedanken", wat fir hien "de Space à la base duerstellt".