Et wieren och Mesuren decidéiert ginn, déi kuerzfristeg kënnen ëmgesat ginn. Signifikant Verbesserunge sollen et zum Beispill am Stadzentrum an der Avenue Marie-Thérèse, zu Märel beim Boulevard Marcel Cahen, um Belair um Boulevard de Verdun an um Cents an der Rue Trèves ginn.
Bus, Vëlo oder zu Fouss amplaz Auto
Fir Plaz ze schafe gi jeeweils eng Rei Parkplaze geopfert. D’Aarbechten un der neier Vëlosbréck, déi de Cents mam Kierchbierg verbënnt, sinn iwwerdeems amgaangen. De Mobilitéitsschäffen ass zouversiichtlech, datt se an zwee Joer opgeet.
"Laut deene Büroe kéinte mir 18 Prozent Vëlosverkéier kréien an der Stad. Dat ass natierlech optimistesch. Mee dat geet, wa mir e séchert Netz hunn, wou intuitiv ass, wou d'Leit dropkommen."
Et bréicht ee Leit, déi am urbane Raum wunnen an op den individuellen Auto verzichten, esou de Patrick Goldschmidt.
"Well se eng gutt Alternativ hu mam Bus, ze Fouss oder mam Vëlo, oder eng Kombinatioun vun deenen dräi."
Op d’Fro, ob d’Vëlosweeër dann elo rout oder blo gezeechent solle ginn – hei si sech de Mobilitéitsministère an d’Stad Lëtzebuerg net ganz eens – wollt de Stater Mobilitéitsschäffen net weider agoen.
"Leet Äre Kapp a Rou", sot hien. Et géif een do eng Léisung fannen, mat där jiddereen zefridden wier, esou nach de Patrick Goldschmidt.