arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Succès an alle Quartieren: De Pedibus-Reseau gëtt erweidert

Stad Lëtzebuerg

|
headphones

1 min

No Succès an alle Quartieren: De Pedibus-Reseau gëtt erweidert

2026 wäerten an der Stad Lëtzebuerg 10 weider Pedibus-Linnen agefouert ginn. Dat huet de Stater CSV-Schäffe Maurice Bauer haut um Méindeg matgedeelt. Bis ewell sinn 218 Kanner an de Pedibus-Programmer ageschriwwen.

headphones

1 min

Mam sougenannte Pedibus kënne Kanner op verschiddenen Arrêten ofgeholl ginn a mat erwuessene Begleetpersounen zesummen zu Fouss an d’Schoul trëppelen.

Éischt nei Linn um Belair

Déi éischt nei Linn wäert schonn de 5. Januar agefouert ginn, wéi de Maurice Bauer erkläert.

"Dat ass eng Linn um Belair, fir an d'Schoul Aloyse Kaiser ze goen. Déi wäert eng Distanz hu vun 952 Meter a mat véier Arrêten, wou dann eeben och d'Kanner kënnen do de Moment waarden an dann an d'Schoul begleet ginn."

play_arrow De Maurice Bauer

An all de Quartiere géing et eng grouss Demande ginn, erkläert de Maurice Bauer. Dofir ass decidéiert ginn, no Fuesent weider Linnen opzemaachen. 

Deemno wäerte véier nei Linnen um Lampertsbierg bäikommen, véier zu Bouneweg an eng zu Eech.

De Pedibus wier eng gutt Méiglechkeet, fir datt Kanner sécher géifen an d’Schoul kommen, dat op eng ëmweltschounend Aart a Weis, wou een aner Kanner kéint kenneléieren, an a Beweegung wier, esou nach de Stater Schäffe Maurice Bauer.