search

/ Staatlech Subventioun a Baisse vu Marchéspraisser: Stroumpräisser ginn erof

Energie

|
headphones

2 min

headphones

13 min

play_arrow

Staatlech Subventioun a Baisse vu Marchéspraisser: Stroumpräisser ginn erof

D'Stroumpräisser gi vum 1. Januar un erof. Dat hu rezent sämtlech Stroumfournisseuren hire Clientë matgedeelt. Dorënner och Enovos. D'Stroumpräisser géifen ëm 10 Prozent erofgoen. Fir verschidde Clienten och méi, erkläert den Enovos CEO Erik von Scholz.

headphones

2 min

headphones

13 min

play_arrow
Erik von Scholz, CEO vun Enovos
Erik von Scholz, CEO vun Enovos

Grond wier ënner anerem de Réckgang vun de Stroumpräisser um internationale Marché awer och déi nei staatlech Subventioune vun den Netzkäschten an Héicht vun 150 Milliounen Euro. Den Erik von Scholz schwätzt vun enger struktureller Verschibung. 

"Aus einem momentanen Krisenmechanismus, wo eine spezielle Kundengruppe geschützt wurde, durch Staatsbeihilfen, also Kunden, die weniger als 25.000 Kilowattstunde pro Jahr verbrauchen, beteiligt sich jetzt der Staat an den Netzkosten direkt."

Lëtzebuerg vergläichsweis gutt duerch d'Energiepräiskris komm

Lëtzebuerg wier och an enger komfortabeler Situatioun, wat den Ëmgank mat Energiepräisser ugeet. Den Erik von Scholz fënnt, datt d’Regierungen hei zu Lëtzebuerg mat vill Vernonft un d’Energiepräiskris erugaange wieren. Lëtzebuerg wier besser doduerch komm, ewéi aner Länner. 

"Ja, die Diskussioun, war zwar hier da. Aber vor allen Dingen kamen dann pragmatische Massnamen. Die wurden nach der Krise auch wieder angepasst. Wir haben jetzt nicht diese Debatten, ohne dass dann was passiert."

Et wiere virun allem och vill Mesuren ëmgesat ginn. Dofir géif de Staat och vill Suen an de Grapp huelen, huet den Erik von Scholz, Generaldirekter vun Enovos weider betount.

play_arrow Lauschteren