A senger neister Publikatioun iwwer d‘Präisentwécklung gesäit de Statec eng Hausse vum Präisindex vun 1,2 Prozent am Februar par rapport zum Mount virdrun, dobäi ginn et och eng Rei vu klasseschen Effekter wéi d‘Solden am Februar, erkläert de Marc Ferring vum STATEC.
"Am Februar hu mer och ëmmer fir Valentinsdag Blummen an Planzen, déi méi deier gi sinn. Do hu mer eng Hausse vun 7,5 Prozent festgestallt."
An der Fuesvakanz géifen och Reese klassecherweis méi deier ginn; dëst Joer sinn d‘Präisser hei ëm 14,3 Prozent par rapport zu Januar geklommen.
Ewechfale vun Energiepräissubventiounen dreiwen d'Inflatioun
De Präisindex geet doduercher am Februar ëm 1,2 Prozent erop, d'Joresinflatioun geet vun 1,9 op 1,7 Prozent erof. D'Entwécklung vum Präisniveau vu Januar op Februar koum dobäi fir d'Statistiker net wierklech iwwerraschend, well et am Januar eng Rei vu Präishaussë gouf déi z'erwaarde waren.
"Well verschidde Mesurë vun der Regierung opgehalen hunn, eebe mam Gas, dee eropgaangen ass, och de Stroum, dee relativ staark eropgaangen ass."
Wat um Enn dann och bedeit, datt de Statec bei senge Previsioune bleift wat d‘Erfale vun der nächster Indextranche ugeet: Déi ass fir d‘zweet Trimester vun dësem Joer z‘erwaarden, dann also wann de cumuléierten Taux deen aktuell bei 2,3 Prozent läit 2,5 Prozent erreecht.