De 5. November huet d’Regierung ee Communiqué verschéckt, an deem een Appel à projet lancéiert ginn ass, fir d'Produktioun vum gréngem Waasserstoff. Den Appel à projet leeft bis de 15. Februar.
110 Milliounen Euro fir de grénge Waasserstoff
De Pit Losch aus dem Wirtschaftsministère ass zoustänneg fir d'Waasserstoffstrategie hei am Land. Hien erkläert am 100,7-Interview, datt de Ministère scho mat verschiddenen Acteuren am Echange wier. Den Interêt wier als do.
Et steet eng Enveloppe vun 110 Milliounen Euro zur Verfügung an all Projet ka mat maximal 30 Milliounen Euro ënnerstëtzt ginn. “Dat heescht, et ass och genuch do, fir méi Projeten ze ënnerstëtzen”, mengt de Pit Losch.
Dat konkret Zil wier et, tëschent zwee a véier Projeten u Land ze zéien. Et wéilt een och op Projete setzen, déi dem Ministère nach net bekannt sinn.
Waasserstoff, Sauerstoff a Wäermt
D’Virdeeler vum erneierbare Waasserstoff sinn déi, datt deen et erlaabt eng Moleküll zur Verfügung ze stellen, fir een industrielle Prozess oder fir d'Mobilitéit, déi bei der Fräisetzung vun der Energie keen CO2 ausstéisst. “Dat ass dann am staarke Kontrast zu bekannte Moleküllen, wéi se am Bensinn, am Diesel oder am Äerdgas da virkommen”, esou de Pit Losch.
Dëst setzt natierlech viraus, datt bei der Produktioun vum Waasserstoff keen CO2 entstanen ass, wann de Stroum also aus erneierbaren Energie kënnt.
Bei der Elektrolys entstinn dräi Produiten. Dat éischt ass eben de Waasserstoff. Mee do dernieft entsteet och Sauerstoff, well d'Moleküll Waasser H2O gëtt a seng Bestanddeeler opgedeelt. Ee weideren Nieweproduit ass d'Wäermt, déi bei deem Prozess entsteet. Déi kann an der Reegel och jee no Fall valoriséiert ginn, betount de Pit Losch.
Den industrielle Secteur gëtt viséiert
Et ginn Autoen, déi mat Waasserstoff funktionéieren. Eng richteg grouss Optioun fir d'Zukunft schéngt dat awer net ze sinn. Dat mengt och de Pit Losch vum Wirtschaftsministère net. Et wieren an Tëschenzäit besser Alternativen um Marché, déi mat Batterie lafen.
“Déi si méi einfach, bidde manner Risike a sinn natierlech och méi wirtschaftlech wéi e Waasserstoffgefier.”
Den Haaptsecteur, wou de Waasserstoff e Benefice brénge ka fir d'Klima a fir d'Wirtschaft, dat ass an der Industrie. Do, wou ee fossil Energiedréier ersetze kann.
De Waasserstoff kéint een zum Beispill och direkt am Prozess asetze fir den Eisenäerz ze reduzéieren an da metallescht Eisen ze produzéieren.
“Do gëtt de Waasserstoff net als een Energiedréier genotzt, mee als Reduktiounsagent, deen de Sauerstoff am Fong aus dem Eisenäerz erauszitt a just metallescht Eisen iwwreg léisst.”
De Wirtschaftsministère adresséiert sech bei sengem Appell awer net just un Industriebetriber, déi Waasserstoff bei sech géife fir den eegene Konsum produzéiere, präziséiert de Pit Losch.
“Also d'wirtschaftlech Acteuren, déi solle sech fannen, kënne Konsortie bilden, kënnen hire Projet entwéckelen, hir Demande erareechen an dann gëtt d'Analys gemaach.”
Knowhow zu Lëtzebuerg halen
Eng Conditioun vum Appel à projet ass deen, datt de Waasserstoff zu Lëtzebuerg produzéiert a kommerzialiséiert muss ginn.
Fir datt Lëtzebuerg seng Klimaziler erreecht, brauch de Grand-Duché héich Volummen un natierleche Stroum, an awer och u Waasserstoff. Esou héich Volumme kritt een awer net iwwert déi national Produktioun ofgedeckt, gëtt de Pit Losch ze bedenken.
Eng national Produktioun hätt awer ee grousse Virdeel, “fir den Knowhow hei ze halen, fir Expertis hei zu Lëtzebuerg ze entwéckelen”, seet de Pit Losch.