Fir de Me Heisten, Affekot vum Sven Clement, ass d’Fro, ob een Deputéierten Accès op sou Dokumenter kréien oder d’Regierung dat refuséiere kann, séier beäntwert: A sengen Aen hätt en Deputéierten d’Recht dorop. Dat hätt och u sech ni e Problem duergestallt, ausser an dësem prezise Fall.
Spezielle Kader kee Grond fir Refus
Wuel wier de Kader politesch speziell, mee dat war nach laang kee Grond, fir engem Deputéierte keen Accès op sou Dokumenter ze ginn. Hei géif sech och keng politesch, mee eng juristesch Fro stellen, sou de Me Heisten, fir deen d’Verwaltungsgeriicht kee Schrëtt no hanne sollt maachen, an engem Moment, wou et ëmmer manner Vertrauen an d’Politik an an den demokratesche System géif ginn. Den Tribunal administratif sollt villméi d’Roll vun der Chamber stäerken.
Kee perséinlech en Intressi
Dogéint huet de Me Point als Vertrieder vum Staat argumentéiert, datt een Deputéierte keen Organ vum Staat an deem Staat seng Confidentialitéit anzehale wier, an an engem Akt tëscht der Legislativ an der Exekutiv wier och kee Contrôle juridictionnel méiglech.
Wann de Sven Clement als normale Bierger agéiert hätt, da wier d’Nofro an der Rei gewiescht.
De Piraten-Deputéierten hätt donieft net eleng d’Fro nom Accès zu deenen Dokumenter stelle sollen, mee d’Chamber als ee Ganzt, well déi wier schliisslech d’Kontrollorgan vun der Regierung. An engem Fall wéi deem heite misst ee perséinlechen Intressi fir ze agéiere virleien, huet de Me Point gemengt, dee sech och kéint virstellen, datt sech d’Verfassungsgeriicht mat dëser Affär befaasst.
Een Urteel an dëser Affär gëtt an den nächste Woche gesprach.