Schonn op der Feier fir Bärbelendag Ufank Dezember hat de Minister ugekënnegt, datt déi nei Unitéit beim CGDIS am Laf vun dësem Joer gesetzlech soll verankert ginn.
Nei Unitéit ass kee CGDIS niewent dem CGDIS
Déi nei Unitéit Resc-lu soll anescht opgebaut ginn, wéi dat technescht Hëllefswierk THW an Däitschland, huet de Léon Gloden gëschter Owend preziséiert, virun de Vertrieder vum Etablissement Public CGDIS.
"Mir schafen elo kee CGDIS niewent dem CGDIS: Dat gëtt eng Unitéit am CGDIS, wou dann och kënne Leit rekrutéiert ginn, déi villäicht net wëlle bei de Pompjeeën an de Brandasaz fueren, déi aner Skills hunn (...). An ech sinn iwwerzeegt, datt dat een Erfolleg gëtt."
Entlaaschtung duerch déi nei Unitéit
Esou eng nei Unitéit géif gebraucht ginn, huet den Inneminister ënnerstrach. Vill Servicer am CGDIS kéinten doduerch zum Beispill entlaascht ginn. De Léon Gloden huet kloer Reegelen ugekënnegt, wéi d’Leit vun der geplangter neier Unitéit beim CGDIS sollen integréiert ginn.
"An ech sinn och iwwerzeegt, datt mer dat hikréien. Well à la fin du jour zielt eppes: Datt mer do sinn, fir d’Leit, fir hinnen ze hëllefen, fir hinnen (...) d’Liewen ze retten."
Et géif een d’Pläng fir déi nei Unitéit Resc-lu fir den Zivil- a Katastropheschutz mat droen: Dat huet de Generaldirekter vum CGDIS Paul Schroeder gëschter Owend däitlech gemaach.
"Ech wëll just soen, datt mer frou sinn, datt de Minister op deen dote Wee wëllt goen, datt mer dem Minister och eis Ënnerstëtzung gi fir dat ze maachen."
CGDIS besser opgestallt géint "nei Menacen"
No fënnef Joer Existenz vum Etablissement Public géif et dorëm goen, de CGDIS domat nach besser opzestellen, fir Erausfuerderunge wéi de Klimawandel a fir “nei Menacen”, esou nach de Generaldirekter Paul Schroeder. Schonn an de Rieden op Bärbelendag war d’Noutwennegkeet vun enger zivil-militärescher Zesummenaarbecht betount ginn.