Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Fiasko Fest  |  02E15 Mir scheiteren ëmmer nach: Christiane Kremer a Luan Lamberty

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg ënnerschreift zwee nei Accorde mat der WHO

Santé

Lëtzebuerg ënnerschreift zwee nei Accorde mat der WHO

Gëschter um Freideg war de Generaldirekter vun der Weltgesondheetsorganisatioun, den Dokter Tedros Adhanom Ghebreyesus op Visitt zu Lëtzebuerg. Hien huet mam Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel ee pluri-annuelle strategeschen Accord ënnerschriwwe fir d’Joren 2025 bis 2028.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: MAE

De Gesamtbudget läit bei 46,5 Milliounen Euro. Zousätzlech dozou bezilt Lëtzebuerg och eng Contributioun vu 500.000 Euro am Kampf géint M-Pox. 

Mam Santésministère gouf och een Accord ënnerschriwwen, deen nieft den obligatoresche Contributiounen och eng fräiwëlleg Finanzéierung an Héicht vun enger Millioun Euro virgesäit. Domadder gëtt ënnert anerem de regionale Bureau vun der WHO Europa finanzéiert.

Lauschterenplay_arrow

live

Live