Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Maale Gars - Fonken

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "I love my Hausdokter": D'Santé wëll d'Visitten an der Urgence miniméieren

Nei Campagne vun der Santé

"I love my Hausdokter": D'Santé wëll d'Visitten an der Urgence miniméieren

De Gesondheetsministère lancéiert vun haut, dem 6. Februar, un eng nei Campagne, déi d‘Leit soll sensibiliséieren als éischt hiren Hausdokter oder hir Hausdoktesch ze consultéieren, ier si bei ee Spezialist oder och an eng Urgence ginn.

auto_stories

1 min

D'Campagne "I love my Hausdokter". | © Jo Diseviscourt
D'Campagne "I love my Hausdokter". (Foto: Jo Diseviscourt)

Der Santé no hätten 30 Prozent vun de Patientinnen a Patienten aus den Urgencë kee festen Hausdokter oder Hausdoktesch. Méi genau Informatiounen zu deenen 30 Prozent, wien déi Leit sinn, a wisou si kee Generalist hunn, huet d‘Santé awer net.

D‘Campagne, déi aus Flyeren a Plakater an Apdikten a Dokteschcabineten, sou wéi op de sozialen Netzwierker besteet, leeft bis den 23. Mäerz. 

D‘Campagne besteet aus Plakater a Flyeren, déi an Apdikten, Dokteschcabineten, op de Gemengen an an de Spideeler solle verdeelt ginn. Dorop ass erkläert, wéi de Gesondheetssystem funktionéiert a wéi ee soll virgoen, d’Martine Deprez.

Esou sollt een, falls een eng Kéier net un säin Hausdokter oder Hausdoktesch kënnt, oder een si baussent den Ëffnungszäite bräicht, als éischt an d‘maison médicale goen, erkläert d‘Martine Deprez.

Op méi strukturell Probleemer, wéi de Manktem u Generalisten a Pediateren, ass d‘Gesondheetsministesch Martine Deprez de Moie virun der Press awer net agaangen.