arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fedex klot géint US-Regierung: Scho bezuelt US-Douanstaxe sollen zeréckbezuelt ginn

USA

|
headphones

1 min

Fedex klot géint US-Regierung: Scho bezuelt US-Douanstaxe sollen zeréckbezuelt ginn

Nodeems d'US-Supreme Court de gréissten Deel vum President Donald Trump sengen Taxe gekippt huet, huet den US-Logistikkonzern géint d'US-Regierung eng Klo agereecht. Fedex argumentéiert, datt d'Taxen dem Betrib geschuet hätten.

headphones

1 min

© EPA/JIM LO SCALZO
(Foto: EPA/JIM LO SCALZO)

D‘Klo vu Fedex wier déi éischt vun engem groussen US-amerikanesche Konzern zënter deem Urteel vum Supreme Court, esou e puer US-Medien.

Nom Urteel gouf scho mat enger ganzer Well vun Zeréckfuerderunge gerechent. Et géif am Ganzen ëm ee Montant vu ronn 175 Milliarden Dollar goen, esou eng Berechnung vun der University of Pennsylvania.