Bis ewell gëtt vill vum deiere Stroumverbrauch zu Spëtzenzäite geschwat. De Wirtschaftsminister Lex Delles erkläert am 100,7-Interview, datt et dobäi awer net ëm d’Auerzäit géif goen, mee Quantitéit vun den eegenen elektreschen Apparater.
“Et ass net d'Zäit. Et ass, datt ech bei mir op mengem Compteur net alles mateneen umaachen. Wann ech alles matenee matzen an der Nuecht oder matzen am Dag umaachen, dann ass d'Repercussioun déi selwecht."
Fir dëst Joer huet d’Regierung iwwerdeems 172 Milliounen Euro fir de Recht vum Energiepräisdeckel virgesinn.
Aner Moyene fir de Stroumpräis raisonnabel ze halen
De Lex Delles nennt d’Hallwéiere vum Stroumpräisdeckel "Phasing out". Et wéilt een op zwee anere Moyene kucken, fir de Stroumpräis raisonnabel ze halen.
Eemol wier dat de Reseau. Do wier d’Fro wéi vill kann deLëtzebuerger Staat an de Reseau investéieren. Wa méi a méi grouss Leitungegebaut ginn, déi och mussen an der Réi gehale ginn, géif de Stroumpräis och méideier ginn, erkläert de Lex Delles.
“An dofir musse mir kucken iwwer alternativ Finanzementer, datt de Staat de Reseau ka matfinanzéieren.”
Wäermepompel an Elektroauto op laang Dauer méi effizient
Well et nëmmen een eenzegen Ubidder am Stroumreseau géif ginn, kéint de Staat dran investéieren. Et géif also keng Concurrence déloyale entstoen.
Wann de Staat de Reseau selwer géif ausbauen, géif dat d’Käschte vum Consommateur erofhuelen. Déi Ambitioun géif och am Koalitiounsaccord stoen, sou nach de Lex Delles.
Iwwerdeems kéinten déi Leit déi sech rezent en Elektroautooder eng Wäermepompel ugeluecht hunn, hir Stroumrechnung net mat där virdru vergläichen.
Mëttel- a laangfristeg géif de Lex Delles dobäi bleiwen, datt et méi effizient wier eng Wäermepompel oder en Elektroauto ze hunn.