Säi Parteikolleeg, den CSV-Deputéierte Laurent Mosar, hat dem Minister Froe gestallt, wéinst dem Kompromëss am Juni um G7-Sommet an de Konsequenzen dovun.
D’Beneficer vun US-Entreprisen am In- an Ausland sollen nëmmen nach an den USA besteiert ginn.
De Laurent Mosar huet an der Chamber vun engem “Exit vun den USA” a Saache global Mindeststeier geschwat. Den CSV-Deputéierten huet gesot, datt dëst an der Wirtschaftswelt fir Opreegung a Chaos géif suergen, an als Konsequenz ënner anerem eng grouss Onsécherheet an der Welt kéint hunn.
"Ech muss Iech soen, an et si warscheinlech vill Kolleeginnen a Kolleegen, déi déi Meenung och dann hoffentlech hei an deem Sall deelen, sinn eigentlech katastrophéiert iwwer déi Decisioun, déi do geholl ginn ass."
Ronn 7.500 multinational Gruppen zu Lëtzebuerg
Et geet ëm d’Minimalbesteierung vu 15 Prozent op multinational Gruppen, déi een Ëmsaz vu 750 Milliounen Euro oder méi hunn, erkläert de Finanzminister Gilles Roth um Mëttwochmoien an der Chamber.
"Hu mir där da vill zu Lëtzebuerg? Jo, mir hunn Duechtergesellschaften oder Succursallë vun esou multinationale Gruppen a mir hunn der eigentlech ronn 7.500 zu Lëtzebuerg."
Roth kënnegt Virdeeler un, fir a Lëtzebuerger Entreprisen ze investéieren
Et hätt also keen “onwesentlechen Impakt” op d’Finanzplaz an op d’Steierrecetten zu Lëtzebuerg. De Berechnunge vun der Steierverwaltung no, léich den Impakt vun der Minimalbesteierung vu 15 Prozent bei den 100 gréisste Betriber a Saache Steieropkommes bei méi wéi 80 Milliounen Euro pro Joer.
"Et ass natierlech esou, wa vun eenzele Juridictiounen, spréch an dësem Fall den Amerikaner, drop gepocht gëtt, dass da keng Steiere méi zu Lëtzebuerg ze bezuele sinn, jo, dann ass en Deel vun deenen 80 Milliounen, wou ech Iech gesot hunn, da spillen déi net méi."
Donieft huet de Finanzminister ugekënnegt, datt et an Zukunft och hei am Land erëm mat Virdeeler kéint verbonne sinn, wa Leit hirt Privatverméigen a Lëtzebuerger Entreprisen investéieren.
De Gilles Roth huet eng eventuell “Loi Rau bis” genannt, fir Steieravantagë bei esou Investissementer. Et wier een am Finanzministère am gaangen doriwwer nozedenken, an hie wier gewëllt, dat zäitno ëmzesetzen, esou de Gilles Roth.
Weider gouf an der Chamber haut décidéiert, datt een Observatoire iwwer delinquance soll gegrënnt ginn. Eng Motioun vun der LSAP fir kënne Statistiken an Analysen zum Prisong an de Prisonéier zu Lëtzebuerg duerchzeféieren, gouf vun all den Deputéierte matgedroen.