18 Prozent vun der Bevëlkerung hei am Land ass vum Aarmutsrisiko betraff soen d’Zuelen. Gläichzäiteg besetzen 10 Prozent - d’Hallschent vum gesamte Lëtzebuerger Privatverméigen. D’Schéier tëschent Aarm a Räich géif ëmmer méi ausernee goen, esou d’Conclusioun vun der LSAP Fraktiounscheffin Taina Bofferding de Moie virun der Presse. Si fuerdert datt d’Regierung eppes Konkretes dogéint ënnerhëlt.
"Net just gepléischtert, mir brauche ganz kloer strukturell Reformen. Leit an Aarmut brauche keng Almosen, mee si brauche gerecht Zukunftsperspektiven."
De Logement als Problem fir d'Aarmut
D‘Sozialiste proposéieren selwer verpflichtend Quot vun op mannst 20 Prozent fir abordabele Wunnengen an de Gemengen. Eng progressiv Upassung vum Mindestloun op 60 Prozent vum Medianloun, wéi och an enger EU Direktiv virgesinn. An eng Reguléierung vun der Plattformaarbescht fir Mënschen aus der Schéin-Independance eraus ze huelen.
Déi héich Loyeren déi heefeg d’Hallschent vun engem Salaire ausmaachen, géifen d‘Aarmut besonnesch uféieren, huet den LSAP-Deputéierte Georges Engel ze bedenke ginn.
“Wunnen ass awer och d'Haaptursaach, firwat d'Aarmut wiisst an déi jonk Generatioune kee Fouss méi op de Buedem kréien.”
PAN fir d'Aarmutsbekämpfung nach net verëffentlecht
Déi aktuell Regierung géif nom Modell "Business first" agéieren - an amplaz de Leit hir Ängscht ze huele géif d’CSV-DP Regierung dës weider undreiwen, esou de Georges Engel.
“Net fir näischt eckt si och bal bei jiddwerengem un, bei de Gewerkschaften, beim Patronat, bei den Dokteren, bei de Studenten - j’en passe - de soziale Kompass, deen ass einfach hei verluer gaangen.”
Et misst een d’Aarmut bekämpfen an net déi Aarm, huet et um Donneschdegmoien nach geheescht. D’LSAP fuerdert déi aktuell Regierung dann och op an d’Gäng ze kommen an de nationalen Aktiounsplang (PAN) géint Aarmut ze verëffentlechen.
De Familljeminister Max Hahn hat an der Press annoncéiert, datt dësen an zwee Méint soll an de Regierungsrot kommen.