Nohalteg wirtschafte muss net just heeschen, sech eng Photovoltaikanlag op den Daach ze leeën, mee et huet ganz vill Facetten. Fir de Patronen ze hëllefen, sech an deem ganze Volet zurecht ze fannen, gëtt et d'House of Sustainability. D'Sabrina Kohn beispillsweis beréit Entreprisen a begleet si a Richtung méi Nohaltegkeet.
Sech am Subsiden-Dschungel zurecht fannen
Hir Cliente sinn haaptsächlech Membere vun der Chambre de commerce, wéi si am 100,7-Interview erzielt. Do falen eng ganz Rei Secteuren drënner: Den Horeca, de Commerce, d'Industrie, den Transport, oder och nach d'Finanzen.
Eng Aufgab vum House of Sustainability ass et, ze sensibiliséieren. Dofir gi Konferenzen a Workshoppen ugebueden, an och Formatiounen. Dat an Zesummenaarbecht mam House of Training. Donieft begleet een d'Entreprise beim Volet vun de staatlechen Hëllefen. D'Entreprisë kréien also gehollef, déi Subsiden ze kréien, op déi si e Recht hunn.
"Déi adresséiere sech un all Entreprise, déi eng Autorisatioun d'établissement huet. Awer d'Ëmsetzung ass dann zum Beispill fir e Restaurant eng nei Spullmaschinn ze kafen, déi méi performant ass um Niveau Energie. Dat ka fir e Commerce sinn, fir nei LED-Luuchten ze kafen, a fir eng Industrie, eng spezifesch Dieselmaschinn duerch eng Elektresch ze ersetzen."
1 zu 1 Berodung
De Kontakt mat den Entreprisen entsteet meeschtens op de sëllege Konferenzen, oder d'Patrone kommen op d'House of Sustainability zou. D'Sabrina Kohn erkläert, datt an engem zweete Schratt meeschtens eng 1 zu 1 Berodung stattfënnt. Et geet ee sech also d'Entreprise kucken a mécht sech e Bild vun hiren Aktivitéiten an Infrastrukturen. Et kann awer och sinn, datt d'Entreprisë scho gutt informéiert sinn, an dofir mat ganz spezifesche Froen op d'House of Sustainability duerkommen.
"Also dacks kennen d'Entreprisë schonn hir grouss Sujeten. Oft hu si och scho verschidde Mesurë selwer geholl, ouni ze wëssen, datt dat zur Nohaltegkeet gehéiert. Zum Beispill eng nei Maschinn kafen, déi méi energieeffizient ass. An da geet een an den Echange fir ze kucken, wat hutt Dir da scho geholl an dann erauszefannen zesummen, wat kann dann nach interessant sinn, a wou hutt Dir en Impakt och mat Ärer Aktivitéit?"
An der Industrie beispillsweis géing et vill Strategie ginn, déi ee fuere kéint, erkläert d'Sabrina Kohn. Et kann een déi Strategie fueren, datt een esou séier wéi méiglech op méi performant Solutioune geet. Et kann een awer och de Fokus op d'Kreeslafwirtschaft leeën a probéieren, Maschinnen duerch gudden Entretien méi laang um Liewen ze halen.
Och d'Gouvernance ass betraff
De Begrëff Nohaltegkeet ass am House of Sustainability effektiv éischter breet gefaasst. Dat geet vun der Energieeffizienz iwwer sozial Responsabilitéit bis bei d'Responsabilitéit vis-à-vis vun de Mataarbechter, a bis bei d'Gouvernance. Et ass awer den Entreprisë selwer iwwerlooss, hir Gewiichtung ze leeën, betount d'Sabrina Kohn.
"D'Entreprisë kënne sech eraushuelen, wat si un eiser Offer interesséiert. Sou ass eis Approche. Dat heescht, um Volet Environnement fokusséiere mir eis op Dekarboniséierung a Kreeslafwirtschaft. Um Volet Soziales geet et et drëm, fir intern ze kucken: Sécurité, Santé, Bien-être, Egalitéit, Diversitéit. Well mir dovun ausginn, wann d'Mataarbechter méi motivéiert sinn a sech wuel fillen op der Aarbecht, da si si och méi performant."
Bäim Volet vun der Gouvernance gëtt gekuckt, wéi d'Theema Nohaltegkeet an der Strategie vun der Entreprise ka mat agebaut ginn, esou nach d'Sabrina Kohn. Wat de sozialen Aspekt ugeet huet d'House of Sustainability souguer eng speziell Initiativ: De Pacte national d'entreprise et droits de l'homme. Dat ass also e Pakt fir d'Mënscherechter, deen zesumme mam Ausseministère geréiert gëtt, wou et drëms geet, d'Mënscherechter intern méi ze respektéieren, awer och bei de Valeure vun der Entreprise ëmzesetzen.
D'Roll vum Client
Den Entreprise gëtt dacks nogesot, just Suen oder hiren Image am Kapp ze hunn. D'Motivatioun vun den Entreprisen, sech méi nohalteg opzestellen, ass dofir och ënnerschiddlech, seet d'Sabrina Kohn. Dacks géif de legale Kader eng grouss Roll spillen, well et mëttlerweil vill Reglementatiounen op europäeschem Niveau ginn. Dat wier ëmmer eng Zort Motivatioun vun den Entreprisen, konform mam Gesetz wëllen ze sinn.
Et gëtt awer och op der anerer Säit de Volet Clienten.
"Et ginn ëmmer méi Clienten, déi sech awer dofir interesséieren an nofroen: 'Hutt Dir eng nohalteg Offer?' Dat heescht ganz einfach an engem Restaurant zum Beispill: 'Hutt Dir eng vegetaresch oder vegan Offer?' Dat ass eng nei Clientèle. Dat heescht, do kann een och en neie Marché kréien."
Dobäi kënnt, datt d'Banken ëmmer méi dacks Conditiounen a puncto Nohaltegkeet stellen, fir beispillsweis e Prêt ze kréien.
All Entreprise ass anescht
D'Sabrina Kohn betount am 100,7-Interview, datt d'Theema Nohaltegkeet schonn ëmmer wichteg war. Awer effektiv hätt een an de leschte Jore gemierkt, datt den Intressi um Theema zouhëlt. Et wier awer wichteg ze betounen, datt d'Situatioun bei all Entreprise aneschters ass, a sech eng Ëmstellung op méi Nohaltegkeet entweeder à court, oder à long terme eréischt lount.
"Heiansdo lount et sech no engem Joer. Heiansdo lount et sech no 50 Joer. A jee nodeems muss d'Entreprise entscheeden: Lount et sech fir mech? Wëll ech an déi Richtung goen?"
Um Internetsite sustainability.lu gëtt eng éischt Orientatioun ugebueden, wéi och eng Méiglechkeet, Kontakt mam House of Sustainability opzehuelen.