Et wier duerchaus méiglech fir méi ze bauen, ouni dobäi d’Natur an d’Biodiversitéit ze zerstéieren, esou déi fréier Ëmweltministesch. De Wee, deen d’CSV mam neien Naturschutzgesetz wëllt goen, hält si allerdéngs net fir de richtege Wee.
D’Regierung gesäit nämlech vir, datt bei sougenannte PAP nouveaux quartiers an Zukunft obligatoresch 10 Prozent vun der Fläch musse Gréngfläch sinn. Dofir dierfen da Gréngs, Sträich an Hecken, déi manner wéi 15 Joer do stinn, ewechgemaach ginn ouni musse kompenséiert ze ginn.
"15 Joer al Biotopen am Bebauungsraum ginn zerstéiert an dat ass keen Nettogewënn, an dat als wierklech e Gewënn fir d'Natur duerzestellen, dat ass beschtefalls onéierlech."
Déi Mesure géif definitiv net zu méi Natur an de Stied an Dierfer féieren, esou d’Joëlle Welfring weider. Mee grad dat wier néideg, well ee Gréngs bräicht fir dem extreeme Wieder an den héijen Temperaturen, déi op eis géifen duerkommen, entgéintzewierken.
déi gréng proposéiere "virzäiteg Kompensatioun"
Si zweifelt och un enger anerer Mesure, vun där sech d’Regierung méi Natur erwaart. A Gemengen, deenen hir Fläch zu 20 Prozent aus Beem oder Bësch besteet, soll manner musse kompenséiert ginn. Den Zuele vun déi gréng no géifen déi meescht Gemengen dee Prozentsaz awer souwisou schonn erreechen.
Deemno wier och dat kee Gewënn fir d’Natur, esou d’Aschätzung vun der Joëlle Welfring. Hir Partei hätt awer en aneren Usaz fir Biotopen ze schützen – nämlech virzäiteg ze kompenséieren.
"Dat ass jo dat, wat am Fong zu Problemer an zu Retarde féiert, dat ass, datt wa bis soll gebaut ginn, festgestallt gëtt, do si geschützten Aarten, do gi Biotopen, déi musse fir d'éischt emol da kompenséiert ginn, geschützten Aarte mussen deplacéiert ginn an esou weider."
Wann eng Gemeng allerdéngs wéisst, datt op enger bestëmmter Plaz géife Bauprojeten entstoen, kéint ee scho kompenséieren, éier dee Liewensraum géif zerstéiert ginn, erkläert d’Joëlle Welfring.
Prinzip vum Silence vaut Accord ass ongerecht
Déi gréng Deputéiert stéiert sech och um Prinzip vum Silence vaut Accord, deen an der Reform virgesinn ass. Dee seet, datt wann eng Verwaltung net bannent engem bestëmmten Delai op eng Demande äntwert, déi Demande dann acceptéiert gëtt.
Bei Autorisatiounen, wou et just Jo oder Nee géif ginn, wier dat duerchaus denkbar. Am Ëmweltberäich wier dat awer net ubruecht, fënnt d’Joëlle Welfring.
"Silence vaut accord, dat ass am Fong awer net gutt a Regimmer, wou een Autorisatioune soll ausginn, déi wierklech, sur mesure, pro Projet, mussen dofir suergen, datt dee Projet esou gutt wéi méiglech encadréiert ass."
Mam Prinzip vum Silence vaut accord géif d’Méiglechkeet vun Ongerechtegkeete bestoen. Eng Persoun, déi eng Autorisatioun géif ufroen zu engem Moment, wou eng Verwaltung gutt opgestallt ass, géif d’Autorisatioun nämlech mat de normale Konditioune kréien.
"An deen aneren, deen eng Demande ufreet fir dat selwecht zu engem Zäitpunkt, wou Leit am Congé sinn a wou wierklech vläicht och verschidde personell Ausfäll sinn, wou dann d‘Delaien net kënnen agehale ginn, déi kritt dann einfach eng Autorisatioun, wou dra steet: 'Du kanns maache wat s de wëlls'"
Wann Autorisatioune méi Zäit an Usproch huelen, wier dat net ëmmer well d’Verwaltunge lues wieren, esou d’Joëlle Welfring. Fir si misst de System wéi d’Autorisatioune vergi ginn, ëmmer novollzéibar an eenheetlech sinn.
"Net onméiglech" Waasserqualitéit an de Grëff ze kréien
Am 100,7-Interview huet d’Joëlle Welfring och op e rezent publizéierte Rapport vun der EU iwwer d’Waasserqualitéit reagéiert. An dem Rapport kënnt Lëtzebuerg op déi leschte Plaz, wat d’Qualitéit vu Grond- an Iwwerflächewaasser ugeet.
Der EU-Kommissioun no wier dat net just schlecht fir d’Ëmwelt mee och fir d’Ekonomie. D’Deputéiert vun déi gréng huet sech net verwonnert gewisen iwwer dat schlecht Resultat.
"Mir hunn e klengt Land mat och klenge Waasserleef, déi ganz séier ënner Drock gerode bei enger wuessender Bevëlkerung an och bei enger staarker ekonomescher Presenz an och enger Industrie an enger Landwirtschaft, déi Waasser brauch."
Aus deene Grënn wier et schwiereg fir d’Waasserqualitéit an de Grëff ze kréien, awer net onméiglech. E weidere Problem wieren déi sougenannten Éiwegkeetschemikalien. Hei missten onbedéngt Efforte gemaach ginn, fuerdert déi gréng Deputéiert.
"Déi PFASen, déi komme vu ville Quellen, zum Beispill och vu Klimaanlagen aus Autoen, et ass kloer, datt mir do eng europäesch Äntwert drop bräichten."
Mee och aus Pestizide kéinten déi PFASen fräigesat ginn an an d’Drénkwaasser geroden. D’Landwirtschaft huet fir d’Joëlle Welfring eng Matschold un der Situatioun. Si fuerdert dofir méi kloer Reegelen.
"A wann ech dann awer héieren, datt d'Landwirtschaftsministesch seet, datt si esou ee Verbuet iwwerhaapt net géif wëlle maachen, da wësse mir jo elo scho warscheinlech, wéi dat do wäert ausgoen."
Aner wirtschaftlech Aktivitéite géifen awer genee esou eng Deelschold droen, esou nach d’Joëlle Welfring. Dofir misst bei neie wirtschaftlechen Aktivitéiten ëmmer och un de Schutz vum Waasser geduecht ginn.