arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Mouveco-Presidentin ass iwwerrascht iwwer Aussoe vum Serge Wilmes

Klima- an Ëmweltschutz

|
headphones

1 min

headphones

13 min

play_arrow

D'Mouveco-Presidentin ass iwwerrascht iwwer Aussoe vum Serge Wilmes

D’Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement Écologique ass iwwerrascht iwwer déi rezent Aussoe vum Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes nom Treffe vun den EU-Ëmweltministeren iwwer d'Klimaziler.

headphones

1 min

headphones

13 min

play_arrow
Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement Ecologique
Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement Ecologique

Den Ëmweltminister hat sech déif enttäuscht gewisen iwwer de Minimalkompromëss, deen de leschten Donneschdeg zu Bréissel ugeholl gi war.

Et géif een déi Aussoe begréissen, beispillsweis, datt een net ze pragmatesch politesch handelen dierft beim Theema Klimaschutz, esou d'Blanche Weber am 100,7-Interview. Et wier awer elo net fir zu Bréissel gutt Aussoen ze maachen an zu Lëtzebuerg net deementspriechend ze handelen.

Lëtzebuerg géif a bestëmmte Secteure seng Klimaziler "eklatant verfeelen“, esou d‘Blanche Weber.

"An datt souguer gesot gëtt, eis Regierung wëllt do technesch Spillereie maachen, fir laascht déi Defiziter ze kommen. An dat wier natierlech elo, dat wier schonn en décke Schong, wa mir zu Bréissel den Aarm staark maachen an eis de Schéine maachen an zu Lëtzebuerg e Rollback géife maachen."

Besonnesch an der Industrie, och hei zu Lëtzebuerg, géifen d'Emissiounen an de leschte Joren éischter zou- wéi ofhuelen, esou nach d'Blanche Weber vum Mouvement Écologique. D'Blanche Weber kritiséiert, datt een do als Regierung amplaz de Problem richteg unzegoen, géif probéieren an anere Secteuren, wéi zum Beispill an der Landwirtschaft, nach méi un Emissioune wëllen ze spueren.

play_arrow Lauschteren