arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg zweetgréisst Land op der Weltkaart vum ekologesche Foussofdrock

Ressourcen

|
headphones

3 min

Lëtzebuerg zweetgréisst Land op der Weltkaart vum ekologesche Foussofdrock

Eng Weltkaart, op där Lëtzebuerg dat zweetgréisst Land ass? Dat gëtt et, wann een dem ekologesche Foussofdrock no geet. Haut, um 17. Februar, huet Lëtzebuerg nämlech schonn all seng natierlech Ressourcë verbraucht an domat säi sougenannten Overshoot Day erreecht.

headphones

3 min

© ASTM/Esmeralda Wirtz
(Foto: ASTM/Esmeralda Wirtz)

D'Plattform Votum Klima huet dëst Joer déi Weltkaart publizéiert, fir dorop opmierksam ze maachen, datt Lëtzebuerg hanner dem Katar dat zweetgréisst Land ass. De Raymond Klein vun der ASTM, eng vun den Organisatioune vun der Plattform Votum Klima, erkläert, datt een ëmmer géif mengen, Lëtzebuerg als klengt Land wier an dem Kontext net esou wichteg. 

"Déi Weltkaart weist, datt mir zumindest relativ zu deenen aneren e richtege Problem duerstellen." 

Esouguer Indien ass besser gestallt 

Aner Länner, notamment um afrikanesche Kontinent, déi vill méi grouss si wéi Lëtzebuerg, sinn op der Weltkaart vum Votum Klima ganz kleng. Déi verbrauche manner, wéi hinne géif zoustoen, wann d'Welt d'Ressourcë gerecht opdeele géif. 

"Witzegerweis ass och Indien dobäi. Wat jo wierklech ee grousst Land ass an deem seng Bevëlkerung trotzdeem wierklech manner konsuméiert, wéi d'Äerd liwwere kann." 

Den Overshoot Day ass zu Lëtzebuerg schonn zënter Joren esou fréi.

© Global Footprint Network 2026, www.overshootday.org and www.footprintnetwork.org.
(Foto: Global Footprint Network 2026, www.overshootday.org and www.footprintnetwork.org.)

Méi nohalteg liewe stéisst u Limitten 

Fir dorop opmierksam ze maachen, hat Votum Klima d'lescht Joer ee symbolesche Wettlaf tëschent Lëtzebuerg an der Äerd gemaach, mat enger Wecker-Aktioun. Domat wéilt een engersäits verstoen, datt dee Problem géif bestoen, mee och datt d'Leit sech eng Kéier sollten iwwerleeën, wéi si liewen, esou de Raymond Klein. 

"Et gëtt jo Rahmebedingungen innerhalb vun deenen ee säi Liewe ka méi nohalteg maachen. Mee wou een awer u seng Grenze stéisst." 

An engem Communiqué kritiséiert Votum Klima, datt Lëtzebuerg "guer keng ekologesch Limitte géif respektéieren". Dat, trotz Klima- an Energieplang an EU-Ziler, un déi ee sech hale muss. 

"Wann d'Limitte géife respektéiert ginn, da wier den Overshoot Day den 31. Dezember." 

Lëtzebuerg kuckt net genuch op eege Limitten 

Dowéinst wier ee wäit dovun ewech, sech un d'Limitten ze halen, esou de Raymond Klein. D'Limitte géifen zwar a Betruecht gezu ginn an eng Roll spille bei den Iwwerleeungen, mee ... 

"... sécherlech eng vill ze kleng Roll. Soss hätte mir net schonn de 17. Februar den Overshoot Day." 

D'Fuerderunge vu Votum Klima hu sech am Verglach zu zejoert net vill geännert. Dobäi géif et awer een Ënnerscheed maachen, wien d'Regierung stellt, seet de Raymond Klein. 

"Den Här Frieden seet oft dobäi, mir missten awer nohalteg sinn. Dat si vläicht nëmme Floskelen, mee wa mir elo een Donald Trump hätten, dee géif net mol dat soen." 

Et misst d'Joer vum Iwwerdenke vum Modell sinn 

An der Vergaangenheet hätt ee mol Regierungen oder eenzel Ministere gehat, déi de Problem erkannt hätten, esou de Raymond Klein. 

"Am Moment hu mir net d'Gefill, datt déi Schwaarz-Blo-Regierung extra volontaristesch an deenen Theemen ass." 

De Premier Luc Frieden géif ëmmer vu Kompetitivitéit schwätzen, vu Croissance. Dat wiere fir de Premier wichteg Theemen, seet de Raymond Klein. 

"Fir eis misst et eigentlech d'Joer vum Iwwerdenke vum Modell sinn. Wann een de 17. Februar schonn op Kredit lieft, dann ass eppes un deem Modell, wat net stëmmt." 

Da misst dee Modell iwwerduecht ginn, esou nach de Raymond Klein vun der ASTM.