arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bis zu 200 Tonne grénge Waasserstoff pro Joer vu Kielen

Nohaltegkeet an Energie

|
headphones

4 min

headphones

11 min

play_arrow

Bis zu 200 Tonne grénge Waasserstoff pro Joer vu Kielen

De Waasserstoff ass e Gas, deen an den nächste Jore warscheinlech nach eng wichteg Roll spille wäert. Den Hydrogène kann nämlech dozou bäidroen, datt d’Ëmstellung op erneierbar Energie geléngt. An dofir soll de Gas och elo zu Lëtzebuerg produzéiert ginn.

headphones

4 min

headphones

11 min

play_arrow
Illustratioun | © Adobe Stock
Illustratioun (Foto: Adobe Stock)

D’Regierung huet d’lescht Woch matgedeelt, datt zwee Projete fir Waasserstoff am Grand-Duché ze produzéieren, finanziell ënnerstëtzt wäerte ginn. Ee vun den zwee Projeten ass zu Kielen a gëtt vun der Firma Green Power Storage Solutions bedriwwen.

De Problem vun der Späicherung

De Patrick Witte, Chef vun där Firma, erkläert am 100,7-Interview, datt et spezifesch ëm grénge Waasserstoff geet. Dat ass Waasserstoff, deen aus gréngem Stroum produzéiert gëtt.

“Man nimmt einfach die Energie aus dem Strom und spaltet damit ein Wassermolekül in Sauerstoff und Wasserstoff auf. Das heiβt, dann hat man zwei Gase, und das Gaswasserstoff, das kann man sich vorstellen wie zum Beispiel auch Erdgas, das heisst, in diesem Gas ist viel Energie drin, und man kann das Gas zum Beispiel verbrennen, um diese Energie frei zu können.”

Fir datt ee vu gréngem Waasserstoff schwätze kann, muss de Stroum, dee benotzt gëtt, natierlech och gréng sinn. 

De Waasserstoff ass wichteg beim Ëmklammen op eng méi nohalteg Wirtschaft, grad wat d’Theema vun der Energiespäicherung ugeet, esou de Patrick Witte.

“Jeder, der eine PV-Anlage auf dem Dach hat, der kennt das: Tagsüber produziert man viel Strom, nachts produziert man keinen. Das heisst, wenn man auf das ganze Jahr schaut, dann produziert man meistens sogar mehr, als man eigentlich verbraucht. Trotzdem, auf der Stromrechnung steht nachher ein hoher Betrag, weil man trotzdem noch viel Strom aus dem Netz ziehen muss. Und das ist genau das Thema.”

Dat selwecht gëllt och fir Wand- a Solarenergie, betount de Patrick Witte. Wann een dat also op ee ganzt Land, oder eng ganz Industrie erofbrécht, huet een also de selwechte Problem: Et produzéiert een zwar vill Stroum, mee deen ass net ëmmer disponibel, wann en och tatsächlech gebraucht gëtt. Dat ass de sougenannte “Späicherproblem”.

"Das Henne-Ei-Problem"

D’Zil ass et also, de grénge Stroum entweder direkt ze notzen, oder ze späicheren, fir datt e méi spéit genotzt ka ginn. Energie kann een a grousse Batterie späicheren, mee déi si Stand elo nach begrenzt an hirer Capacitéit.

“Und dann gibt es Wasserstoff, das heisst den Strom, den man nutzt, um Wasserstoff zu produzéieren. Dann erhält man ein Gas, und dieses Gas kann eben, so wie Erdgas auch, gespeichert werden in grossen Tanks, kann auch über grosse Strecken transportiert werden, zum Beispiel in Pipelines.”

D’Anlag zu Kielen ass vun der Gréisst hier un d’Gréisst vun enger Gemeng ugepasst. Bei dëser Gréisst gëtt d’Anlag vun enger Wandkraaftanalg an enger PV-Anlag mat Stroum versuergt. Op déi Manéier kann ee bis zu 200 Tonne Waasserstoff pro Joer produzéieren. Domadder kéint een 2 Millioune Kilometer mat engem Waasserstoffbus fueren. 

Dat ganzt ass e Pilotprojet, dee vum Staat ënnerstëtzt gëtt. D’Zil ass et awer, Clienten ze fannen, un déi een de Waasserstoff verkafe kann. Genau dat wier awer eng Erausfuerderung, esou de Chef vun der Firma zu Kielen.

“Denn es besteht weiter das berühmte Henne-und-Ei-Problem. Auf der einen Seite fehlt es Stand jetzt einfach an grünem Wasserstoff. Es gibt nur sehr, sehr wenige Anlagen, die grünen Wasserstoff produzieren. Und deswegen gibt es noch nicht viele Verbraucher, die eben den grünen Wasserstoff nutzen.”

Waasserstoff-Tankstelle réischt an enger 2. Phas

Grouss Gefierer wéi Busser oder Camione wiere perfekt, well bei deenen d’Potential vu Batterie limitéiert ass. Potentiell Clienten investéieren awer réischt an esou Gefierer, wann och bis vill Waasserstoff produzéiert gëtt. Genau dofir wier et wichteg, datt een an enger éischter Phas a Pilotprojeten investéiert, fir datt de Steen un d’Rulle kënnt, seet de Patrick Witte.

D’Firma plangt, am Joer 2027 grénge Waasserstoff ze produzéieren, deen direkt benotzt ka ginn. Vun deem Moment u geschitt d’Verbreedung vum Waasserstoff awer och réischt Schrëtt fir Schrëtt. Op déi éischt Waasserstoff-Tankstelle muss een dofir wuel nach bësse méi laang waarden. D’Ënnerstëtzung vum Staat ass dofir och op 10 Joer ausgeluecht. Schonn am Virfeld huet d’Firma misse Kontrakter mat Clienten ofschléissen, fir datt ee sécher ass, datt de Waasserstoff, dee produzéiert gëtt, sech och verkafe léisst. 

play_arrow Lauschteren