arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Staat wäert méi Suen an d’CNS stiechen

Gesondheetspolitik

|
headphones

2 min

Staat wäert méi Suen an d’CNS stiechen

De Staat wäert méi Sue wéi bis elo direkt an de Budget vun der CNS iwwerweisen. Dat huet d’Gesondheetsministesch Martine Deprez an der zoustänneger Chamberkommissioun annoncéiert. 39 Milliounen Euro méi an awer rechent si fir 2027 mat engem Defizit am CNS-Budget.

headphones

2 min

Martine Deprez | © Chambre des Députés
Martine Deprez (Foto: Chambre des Députés)

D’Oppositioun wollt Detailer iwwert déi kriddeleg Dossiere vun der Gesondheets- a Sozialministesch: Engersäits déi ugespaante finanziell Situatioun vun der Gesondheetskeess an och d’Divergenze vun der Ministesch mat der Dokteschassociatioun AMMD.

D’Martine Deprez sot, de Staat géif d’nächst Joer 59 Milliounen Euro un d’CNS iwwerweisen, 39 Millioune méi wéi bis elo. Fir 2027 rechent d’CSV-Ministesch awer trotzdeem mat engem Defizit am CNS-Budget.

Méindeg ass Quadripartite

De Méindeg kënnt d’Ministesch mat de Sozialpartner an de Prestatairen an der Quadripartite zesummen: Do géif jidderee säin Obolus maachen, esou d’Martine Deprez. Si wéilt do awer net virgräifen. Si wollt just soen, datt de Budget, vum Staat fir d’CNS soll vun 20 Milliounen Euro op 59 Milliounen Euro klammen. Zënter zwee Joer schonn hätten d’Sozialpartner op eng Adaptéierung vun dem Budget gepocht, esou d’Martine Deprez.

Vill eidel Verspriechen?

Anert Thema war d’Menace vun der AMMD fir d’Konventioun mat der CNS ze kënnegen.  D’Dokteschassociatioun kënnt um Mëttwochowend fir eng aussergewéinlech Generalversammlung zesumme fir dat ze diskutéieren. De Mars di Bartolomeo vun der LSAP huet wéineg Versteesdemech fir d’Ukënnegung vun der AMMD, versteet awer och hire Point de Vue wat d’Aarbecht vun der Regierung ugeet.

“Datt d' Dokteren ongedëlleg ginn, well Versprachenes - dat Blot wat vum Himmel versprach gouf a Saache Virage ambulatoire an a Saachen Dokteschgesellschaften - no zwee Joer quasi null ass.”

De Ball läit bei der AMMD

De lénken Deputéierte Marc Baum huet vun enger Bomm geschwat, déi geplatzt wier. D’Gesondheetsministesch gesäit dat net grad esou. Bei enger méiglecher Kënnegung vun enger Konventioun tëschent der AMMD an der CNS wier ee virbereet.

“Mir hunn dunn direkt reagéiert a gesot, och wa si d'Konventioun kënnegen, huet dat elo net en direkten Impakt op déi Verséchert, op d'Patienten, well de Code de la Sécurité sociale gesäit genau vir, wat geschitt, falls si d'Konventioun géife kënnegen.”

Och wann d’Ministesch probéiert huet ze berouegen, läit de Ball elo mol bei der Dokteschassociatioun.