A Portugal wier dann e 70 Joer ale Mann gestuerwen, dee mat sengem Auto an d’Héichwaasser gerode war. De Bilan klëmmt domat op 11 Doudeger an der Suitte vun den heftege Stierm an Onwieder déi lescht Wochen.
Nom Stuerm elo Wand a Reen
D’Stuermdéif Leonardo suergt zënter e Mëttwoch souwuel a Portugal wéi och a Spuenie fir vill Reen a staarke Wand.
An der spuenescher Regioun Andalusien hunn Dausenden Awunner:inne missten evakuéiert ginn, wéinst dem Risiko vun enger Iwwerschwemmung. Och Schoule bleiwen zou. Den Zuch an de Stroosseverkéier si staark ageschränkt.
Den nationale spuenesche Wiederdéngscht hat gewarnt, datt a verschidde Regiounen esouvill Reen an e puer Stonne kéint fale wéi soss an engem Joer.
Portugal: Schued vun iwwer 4 Milliarden Euro
Scho lescht Woch hat de Stuerm Kristin zu Chaos op der ibeerescher Hallefinsel gefouert. Et ware Wandvitesse vu bis zu 200 Kilometer an der Stonn gemooss ginn. Géintiwwer der staatlecher Tëleeschaîne RTP huet de portugisesche Wirtschaftsminister Manuel Castro Almeida de Schued op iwwer véier Milliarden Euro geschat.
Verschidden Dierfer a Portugal sinn opgrond vun de Stierm ganz vun der Baussewelt ofgeschnidden.
Walen um Weekend stinn op wackelege Been
Dëse Weekend soll a Portugal d’Stéchwal ëm d’Presidentschaft sinn. Ee vun de Kandidaten, de Rietspopulist André Ventura, huet gefuerdert, datt d’Wal soll verréckelt ginn.
Déi national Walkommissioun a Portugal huet erkläert, datt d’Wal soll ofgehale ginn. Just a besonnesch betraffene Gemenge kéint d’Wal verluecht ginn.
Fir déi nächst Deeg gi sech a Spuenien an a Portugal weider uerg Wiederen erwaart.