arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2025 war drëttwäermstente Joer – Paräisser Klimazil a Gefor

Klima

|
headphones

1 min

2025 war drëttwäermstente Joer – Paräisser Klimazil a Gefor

D'Klimakris spëtzt sech weider zou, warnt den europäesche Klimawandeldéngscht Copernicus am neie Rapport "Global Climate Highlights"

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Markus Scholz
(Foto: picture alliance/dpa | Markus Scholz)

Deemno wier d‘Joer 2025 dat drëttwäermste jeemools gewiescht, mat enger globaler Duerchschnëttstemperatur vu 14,97 Grad. Dat war nëmme liicht manner waarm, wéi an de Rekordjoren 2023 an 2024. 

2025 wier och dat drëtt Joer hannerenee gewiescht, andeem déi global Duerchschnëttstemperatur méi wéi 1,5 Grad iwwer dem preindustriellen Niveau louch, esou de Rapport.

Klimazil riskéiert net agehalen ze ginn

Domat wier d‘Paräisser Klimazil vu maximal 1,5 Grad Äerderwäermung offiziell nach net verfeelt, well d‘Limitt dofir nach méi laangfristeg misst iwwerschratt ginn.

Mee et géif ëmmer méi kloer, datt d‘1,5-Grad-Zil warscheinlech net wäert kënnen agehale ginn.