arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wollekenimpfung": Kënschtleche Reen, fir géint d'Dréchent virzegoen

Iran

|
headphones

1 min

"Wollekenimpfung": Kënschtleche Reen, fir géint d'Dréchent virzegoen

Den Iran leit den Ament ënner enger vun de schlëmmsten Dréchenten zënter Joerzéngten. D‘Operatioun, fir kënschtleche Reen aus de Wolleken ze produzéieren, gouf iwwer dem gréissen iranesche Séi Ourmia gemaach, mellen déi staatlech iranesch Medien.

headphones

1 min

EPA/ABEDIN TAHERKENAREH | © EPA/ABEDIN TAHERKENAREH
Amir-Kabir-Damm op ganz déiwem Stand (Foto: EPA/ABEDIN TAHERKENAREH)

Bei dëser Prozedur gi Partikele vun ënner anerem Sëlwerjodid – eng chemesch Verbindung aus Sëlwer a Jod – an d‘Wolleke geschoss fir datt Reen entsteet.

Wéinst der Dréchent sinn d‘Waasserreserven a villen iranesche Provënzen op engem historesch déiwen Niveau. D‘Quantitéit u Reen, déi bis elo dëst Joer am Iran gefall ass, läit 89 Prozent ënner dem laangfristegen Duerchschnëtt.

Den Iran ass net dat eenzegt Land an der Regioun dat kënschtleche Reen produzéiert. Ënner anerem déi Vereenten Arabesch Emirater hunn dat an der Vergaangenheet scho gemaach fir op Dréchenten ze reagéieren.