arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schnéichaos an Europa: Zu Lëtzebuerg awer manner schlëmm wéi erwaart

Meteo

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Schnéichaos an Europa: Zu Lëtzebuerg awer manner schlëmm wéi erwaart

Dat ugekënnegt Schnéigebitt huet sech als méi schwaach erwisen, wéi erwaart gi war. Dat deelt MeteoLux mat. Bis Mëtternuecht soll nach héchstens 1cm Schnéi falen. MeteoLux huet eng Alerte jaune fir dat ganz Land erausgi well plazeweis mat 5 cm Neischnéi gerechent gi war.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Schnéichaos an Europa | © EPA/Matias Basualdo
Schnéichaos an Europa (Foto: EPA/Matias Basualdo)

Dofir awer huet de Wanter de Rescht vun Europa, besonnesch Holland, Däitschland a Frankräich fest am Grëff a suergt fir Chaos am Stroossen-, Zuch- a Fluchverkéier.

Betraff ass ënner anerem de Norde vu Groussbritannien, do sinn Honnerte Schoulen zou bliwwen, den Zuchverkéier ass wéinst veräiste Schinne perturbéiert. Esou och an Holland, hei fuere praktesch kéng Zich méi.

Perturbatiounen am Fluchverkéier

Honnerte Flich goufen uechter Europa annuléiert, dorënner och nees d’Flich um Findel vun - an op Paräis esou wéi Amsterdam. Dausende Leit hänken aktuell op de Flughäfe ronderëm Paräis an Amsterdam fest.

An Holland huet virun allem d’Fluchgesellschaft KLM vill Flich ofgesot, well hinnen d’Entäisungsflëssegkeet fir hir Fligere géif ausgoen, an déi nei Liwwerungen net erbäi kéimen. De Flughafe Schiphol zu Amsterdam huet  iwwer 800 Volle missen annuléieren.

Op de Paräisser Flughäfe Charles-de-Gaulle an Orly goufen Honnerte Flich ofgesot.

Och um Flughafe vu Bréissel goufen eng Partie Flich annuléiert. Mat Ausnam vun der Küsteregioun huet fir déi ganz Belsch de Moien eng Alerte Orange gegollt.

Alerte orange a Frankräich

Déi zweethéchste Warnstuf wéinst Schnéi a Glatäis gouf och an 38 Departementer am Nordweste vu Frankräich deklaréiert.

Iwwerdeems d’Mënsche ronderëm Montmartre zu Paräis Schlitt an esouguer Schi fueren, huet de franséischen Transportminister Philippe Tabarot de Leit an der Regioun Île-de-France ausdrécklech dovun ofgeroden, sech haut mam Auto ze deplacéieren a vun Doheem aus ze schaffen. Bis ewell ginn a Frankräich fënnef Doudeger gemellt wéinst Accidenter am Zesummenhang mat de Wiederkonditiounen.

Och den Zuch- a Busverkéier ass a villen Deeler vum Land ënnerbrach.

Däitschland 

Och an Däitschland bleift et äiseg. Am Südoste vum Land sinn dem Däitsche Wiederdéngscht bis Minus 15 Grad méiglech. Plazeweis kann et méi stiermesch ginn. 

Wéinst den aktuelle Conditioune gouf zu Hamburg déi éischte Kéier zënter 15 Joer d’Verbuet opgehuewen, fir op Trottoire Salz ze streeën.

An Däitschland kënnegt sech an der Nuecht op e Freideg den Déif “Elli” am Norde vum Land un a kéint do fir Wandspëtzte vu bis zu 120 Stonnekilometer a gutt 30 Zentimeter Neischnéi suergen. 

Verschidde Wiederexperten hunn elo scho Parallellen zu der Schnéi-Katastroph ronderëm de Joreswiessel 1978/79 gezunn, deemools ware bei staarkem Schnéi a schwéiere Stierm am Norde vum Land 17 Mënschen ëm d’Liewe komm.

Serbien an Italien

Aussergewéinlech vill Schnéi fält och a ville Regiounen an Italien. Fir dat orthodoxt Chrëschtdagsfest haut a Serbien hunn déi lokal Autoritéiten d’Leit ausdrécklech do virdru gewarnt, fir ouni adequat Ekipement mam Auto ze fueren.

play_arrow Lauschteren