D‘Riichter zu Den Haag hunn domat Greenpeace Recht ginn. D‘Ëmweltschutzorganisatioun hat, zesumme mat den Awunner:inne vun der klenger Karibikinsel eng Plainte géint den hollännesche Staat gemaach.
D‘Geriicht huet Holland elo bis 2030 Zäit ginn, fir adäquat Mesuren ze huelen a souwuel d'Insel selwer wéi och d'Awunner:inne besser géint de Klimawandel ze schützen.
Greenpeace huet dëst Urteel begréisst an hofft, datt dat elo e Prezedenzfall gëtt.