Datt Lëtzebuerg bis 2030 320 Milliounen Euro an international Klimaschutzprojeten investéiert, hat de Serge Wilmes schonn op der UN-Klimakonferenz am November 2024 zu Baku an Aserbaidschan ugekënnegt.
Net am Entwécklungsbudget
Bis 2030 wëllt de Grand-Duché also an der Moyenne 64 Milliounen Euro pro Joer an dësem Beräich investéieren, esou den CSV-Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit.
"Mir integréieren dat net an eisen Entwécklungshëllefsbudget. Et wäert weiderhin zousätzlech dozou gerechent ginn."
Lëtzebuerg soll ee “Schlësselacteur” vun der internationaler Klimaschutz-Finanzéierung ginn, wënscht sech de Serge Wilmes.
"An datt mer sollen hëllefen eng nohalteg Zukunft, méi eng Resilienz par Rapport zum Klimawandel opzebauen, an och eng dekarboniséierten Ekonomie hëllefen ëmzesetzen, fir déi concernéierte Bevëlkerungen."
Minister gesäit kee Widdersproch mat den Tripartite-Mesuren
Et wéilt een ee reellen Impakt um Terrain schafen, op cibléierte Punkten op der Welt, huet de Minister erkläert. Bei de Projeten, déi ënnerstëtzt ginn, solle kloer Critère spillen.
"...déi och kloer ausschléissen, all Investitiounen, déi net mat den Ziler vun der Strategie vereinbaart ginn, dora gëtt net investéiert. Mir ginn net Investitioune maachen, wou herno da weider a Pëtrolsproduiten investéiert gëtt, déi si ganz kloer ausgeschloss."
Den Ëmweltminister Serge Wilmes gesäit doran awer kee Widdersproch zu den nationale Mesuren aus dem rezenten Tripartite-Accord, déi fossil Energieforme betreffen, fir d’Inflatioun ze bremsen.
"Mir hu kloer de Sozialpartner gesot an där Ronn, datt mer esou eng Mesure awer nëmme kéinten ënner Virbehalt mat droen, datt se net géife konträr sinn zu eisen nationale Klimaobjektiver."
Déi national Mesurë bei Bensinn an Diesel a bei Mazout a Gas wieren donieft zäitlech limitéiert, huet de Serge Wilmes an Erënnerung geruff. Wann d’Spritpräisser ënnert den Niveau vum 1. Februar falen, da géif d’Accisëbaisse och net spillen, esou de Minister.
De Serge Wilmes huet sech de Mëtteg iwwerdeems formell an der Plenière dofir entschëllegt, datt hien net fir d’éischt d’Chamber iwwer déi nei national Strategie informéiert huet. Deputéiert vun déi Lénk an déi Gréng haten déi Fro opgehäit.