Eng Wirtschaftskris, de Krich am Noen Osten, Krich an der Ukrain, Klimawandel an technologesch Erausfuerderungen ewéi KI - D’Lëscht u Sujeten, déi op d’G-7 Membere waarden ass laang a virun allem komplex. Ëmsou méi, well mam Donald Trump wuel ee Regierungschef op Evian kënnt, deen net grad fir säin diplomatescht Fangerspëtzegefill an oppent Ouer bekannt ass.
Trump suergt op G-7 Sommeten dacks fir Duercherneen
2018 hat hien d’Ënnerschrëft ënnert dem gemeinsame Communiqué verweigert, d’lescht Joer war hie fréizäiteg ofgereest. De Sommet dëst Joer huet scho misse verréckelt ginn, well den US-President e puer Deeg méi spéit fir säin 80te Gebuertsdag een MMA-Kampf virum Wäissen Haus organiséiert huet.
"Last Dance" fir de franséische President
Fir den Emmanuel Macron ass et e leschte G-7 Sommet an dat och nach op franséischem Buedem. Et ass also och eng vun de leschte Chancë fir nach eemol perséinlech op den Donald Trump anzewierken. Dofir soll et och nom Sommet e Mëttwoch nach ee Galadinner zu Versailles gi fir den amerikanesche President.
Trotz Noem Osten: Fokus soll op der Ukrain leien
Obwuel de Krich am Iran den Ament d’Schlagzeilen dominéiert, wëll de franséische President de Fokus awer och op d’Ukrain leeën an d’amerikanesch Ënnerstëtzung zousécheren. Leschte Mëttwoch sot hien, et misst een hei nees op eng Linn fannen. En Dënschdeg da wäert och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj beim G-7 dobäi sinn.
Och d’Staatscheffen aus Brasilien, Südkorea, Indien a Kenia sinn als Gäscht ageluede ginn, genee wéi och den OpenAI-Grënner Sam Altman.
Sécherheetsvirbereedungen net nëmmen zu Evian
D’Sécherheetspreparatiounen fir dëse Sommet lafen natierlech op Héichtouren. Am Ganze wäerten iwwer 16.000 Sécherheetsbeamten am Asaz sinn. Dat ënner anerem och, well massiv Protester erwaart ginn.
An der Schwäizer Grenzstad Genève, also ronn 40 Kilometer weider vun Evian, gëtt sech op méiglech Protester am Kader vum G7-Sommet preparéiert.
Iwwer 7.000 Polizisten an Zaldote wieren dofir schonn am Asaz, heescht et vun den Autoritéiten. Geschäfter, Banken, an Hoteller hunn hir Fënstere verbarrikadéiert. D‘Stad fäert, datt et zu gréisseren Ausschreidunge vu Géigner vum G7-Sommet kënnt. A Frankräich sinn Demonstratioune géint de Sommet verbueden, dofir ginn d‘Autoritéiten dovun aus, datt si sech verlagere kéinten. Eng Partie Gruppe vun enger sougenannter "No-G7-Koalitioun" hunn zu engem friddleche Protest opgeruff.