arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cour d'appel: Le Pen wéinst Verontreiung vun EU-Gelder zu 3 Joer Prisong verurteelt

Frankräich

|
reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Cour d'appel: Le Pen wéinst Verontreiung vun EU-Gelder zu 3 Joer Prisong verurteelt

D‘Politikerin vum rietsextreme Rassemblement national gouf vum Appellgeriicht zu Paräis wéinst Verontreiung vun EU-Gelder zu 3 Joer Prisong, dovun eent fest mat enger elektronescher Foussfessel, a 15 Méint Inegibilitéit verurteelt.

reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri)

D‘Marine Le Pen kéint bei de Presidentiellen d‘nächst Joer am Fréijoer untrieden, allerdéngs mat enger elektronescher Foussfessel.

Virum Urteel hat d‘Marine Le Pen ugekënnegt, datt et fir si „net méiglech“ wäer mat enger Foussfessel, also vun doheem aus, Walkampf ze maachen. Si hat och ugekënnegt, fir dee Fall de Jordan Bardella ze ennerstëtzen. Wéi d‘Marine Le Pen wëll virgoen ass nach net gewosst. Si huet d‘Geriichtsgebai ouni Kommentar verlooss, si ass awer den Owend op der franséischer Televisioun. 

D‘Politikerin war an éischter Instanz scho schëlleg gesprach ginn. Deemools war si och zu 5 Joer Inegibilitéit verurteelt ginn. Dat Strofmooss gouf am Appell däitlech reduzéiert: nämlech op 15 Méint ferme an 30 op sursis.

Lauschtert hei e Reportage vun eisem Korrespondent Max Tholl vu Paräis mat weideren Detailer

play_arrow Lauschteren