arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fall Lyhanna léist Vertrauensbroch an d'Justiz aus – och zu Lëtzebuerg?

Procureur d'Etat David Lentz

|
reading time

4 min

headphones

15 min

play_arrow

Fall Lyhanna léist Vertrauensbroch an d'Justiz aus – och zu Lëtzebuerg?

De Fall ronderëm dat jonkt Lyhanna huet a Frankräich hefteg Debatten ausgeléist an d'Vertrauen an d'Justiz geschwächt. De Lëtzebuerger Procureur d'Etat hofft, datt esou ee Vertrauensbroch zu Lëtzebuerg net stattfënnt an erkläert, wat d'Ënnerscheeder tëschent Lëtzebuerg a Frankräich sinn.

reading time

4 min

headphones

15 min

play_arrow
Den David Lentz | © Jo Diseviscourt
Den David Lentz (Foto: Jo Diseviscourt)

11 Joer hat d’Lyhanna, éier et entféiert an ëmbruecht gouf. Verdächtegt gëtt e Mann, deen hatt kannt huet, well et de Papp vun enger Frëndin ass. Géint de Mann sinn awer schonn an der Vergaangenheet Plaintë wéinst Abus sexuell a Viol vu mannerjärege Meedercher agaangen.

"Honnerten an Honnerten Affären"

D’Maltraitance géint Kanner wier an eiser Gesellschaft nach relativ grouss, gëtt de Procureur d’Etat David Lentz am 100,7-Interview ze bedenken. Genee Zuele wäerten eréischt mam Rapport d’activité verëffentlecht ginn, mee den David Lentz schwätzt vun “Honnerten an Honnerten Affären.”

D’Zuel vun de Fäll géif bäihuelen, well och d’Bevëlkerung wiisst. En anere Grond wier awer och, datt vill Preventioun no bausse gemaach gëtt.

“D’Police geet a Schoulen. Et gi Coursen um IFEN ugebuede fir d’Personal ze forméieren. Mir erkläre vill Saachen.”

Just wa Plainten deposéiert gi kann eppes ënnerholl ginn

Esou kann eng Enttabuiséierung stattfannen. Déi riskéiert awer, duerch de Vertrauensbroch vun de Leit an d’Autoritéiten, näischt ze bréngen.

“Ech fäerten, datt duerch déi Affär a Frankräich d’Leit kee Vertraue méi hunn an näischt mellen. (...) Wa mir näischt gewuer ginn, kënne mir och keen Dossier opmaachen.”

Den Echo aus der franséischer Politik a Bevëlkerung géing aktuell awer genee dat weisen. Den David Lentz hofft dofir, datt et zu Lëtzebuerg net zu esou engem Vertrauensbroch komme wäert.

Affäre leien dacks vill Joren zeréck

De Procureur d’Etat erkläert, datt et zu Lëtzebuerg speziell forméiert Polizisten a Leit um Parquet ginn, déi sech mat esou Affäre beschäftegen. Vun dohier wier een zu Lëtzebuerg gutt opgestallt. Ausserdeem géing ee vun enger kanadescher Professesch forméiert ginn, déi zu de Beschten an hirem Fach gehéiert, betount den David Lentz.

Net all Plainte, déi deposéiert gëtt, ass aktuell. Déi mannst bezéie sech op Faiten, déi just e puer Deeg al sinn, seet den David Lentz. Dat meescht géingen eréischt Méint, Joren, oder esouguer Joerzéngten duerno gemellt ginn.

Dacks sinn d’Täter och Memberen aus dem familiären Ëmfeld. Dofir géing d’Kand dacks tëschent zwee Still stoen, seet den David Lentz.

Wéi leeft esou eng Enquête of?

Eng Plainte kënnt bei der Police oder beim Parquet eran. De Parquet traitéiert dës Plainte relativ séier, erkläert den David Lentz. Dat wier anescht wéi a Frankräich, wou d’Plainte un eng Brigade territoriale weidergereecht gëtt, déi net fir esou Fäll spezialiséiert ass.

Zu Lëtzebuerg ginn et zwou Abteilungen, déi speziell op déi verschidde Forme vum Jugendschutz spezialiséiert sinn.

“Dat si Leit, déi spezifesch dora forméiert sinn a just déi Matière maachen.”

Duerno ginn d’Fäll jee no Urgence gefiltert. Eng Affär, déi 20 Joer al ass, ass manner urgent wéi eng, déi ganz rezent ass. Da kritt d’Police den Optrag, Elementer zum Dossier ze sammelen.

Dat, wat am meeschten Zäit an Usproch hëlt, ass d’Verfaasse vum Rapport. Dat huet och e gudde Grond, erkläert den David Lentz.

“Dee gëtt viru Geriichtsverhandlunge geholl an dierf keng Schwächte weisen.”

Prioriséierung vun den Dossieren: Eng schwéier Aufgab

Handelt et sech ëm en Abus sexuell, da muss de presuméierten Täter bei den Untersuchungsriichter. Mee och um Geriicht mussen d’Dossiere vum Procureur en fonction vun der Gravitéit an der Anciennetéit prioriséiert ginn. Keng einfach Aufgab.

“Jidderee steet all Dag mat engem mulmege Gefill am Bauch op mat der Angscht, eppes kënnen ze verpassen.”

Um Enn wier et viru Geriicht dacks Ausso géint Ausso, seet den David Lentz. Dofir wier et och wichteg, esou Fäll séier ze mellen, fir datt d’Erënnerung dorun nach prezis ass. Soss kann et sinn, datt ee viru Geriicht de Kierzeren zitt.

“Da gëtt aus enger rouder Couche op emol eng gréng Couche. Net well ee litt, mee well ee sech net méi richteg erënnere kann.”

Garde à vue: Och eppes fir Lëtzebuerg?

Meeschtens sinn d’Täter awer nach méintelaang op fräiem Fouss ënnerwee. Anescht ass dat a Frankräich, wou et eng Garde à vue gëtt. De presuméierten Täter kann esou 24 Stonne laang festgehalen a verhéiert ginn. Duerno kann de Parquet decidéieren, wéi d’Affär traitéiert soll ginn.

Eng Garde à vue géing sech de Procureur d’Etat David Lentz och zu Lëtzebuerg wënschen.

“Et ass eng Prozedur, déi net déi oninteressantst wier.”

Hie mengt och, datt d’Police esou eng Garde à vue och appreciéiere géing.

play_arrow Lauschteren