arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Perquisitioune bei der Bank Société générale zu Paräis an zu Lëtzebuerg

Finanzen a Justiz

|
headphones

1 min

Perquisitioune bei der Bank Société générale zu Paräis an zu Lëtzebuerg

Bei der Bank Société générale zu Paräis an och zu Lëtzebuerg ginn et Perquisitiounen. Et geet hei ëm eng Enquête vum franséische Parquet national financier, deen d‘Bank verdächtegt, méiglech Steierkonstruktiounen fir grouss franséisch Entreprisen erstallt ze hunn.

headphones

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

De Blanchiment an de Steierbedruch solle schonn zënter 2009 begaange gi sinn. Dat huet och de Lëtzebuerger Parquet confirméiert. D‘Police judiciaire war mat 24 Beamte bei der Perquisitioun bedeelegt.

A Frankräich goufe 4 Leit festgeholl, dorënner héichrangeg Persounen aus de Chefetagen.