D‘Dateschutzkommissioun (CNPD) hat Verstéiss géint d‘Dateschutzreglementatioun festgestallt.
D‘Geriicht huet d‘Verstéiss vun Amazon zwar confirméiert. D‘CNPD huet allerdéngs de Feeler gemaach, d‘Amende automatesch ze decidéieren. Dat, ouni virdrun ze iwwerpréiwen, ob Amazon virsätzlech géint dës Reegele verstouss huet, an ouni ze iwwerpréiwen, ob eventuell aner Strofen hätte kënne verhaange ginn.
D‘Geriicht huet parallel festgestallt, datt Amazon sech an Tëschenzäit un d‘Reegele géing halen. D‘CNPD muss de Fall elo nei bewäerten.
Dat huet d’Justizverwaltung um Freideg an engem Communiqué matgedeelt.
D’Reaktioun vun Amazon
Et wier ee frou, datt d’Geriicht zu Lëtzebuerg d’Entscheedung vun der CNPD opgehuewen, huet, an d’Positioun vun Amazon unerkannt huet, esou huet d’Entreprise um Freideg reagéiert.
“Bei Amazon schaffe mir all Dag drun, d'Vertraue vun eise Clienten ze verdéngen, an de Schutz vun hirer Privatsphär huet bei eis déi héchst Prioritéit.“
Wärend Amazon géif innovéieren, géif ee mat de Regulateuren zesumme schaffen, fir sécherzestellen, datt nei Déngschter vollstänneg verstan a reegelkonform sinn, heescht et weider am Communiqué.
„Wéi am Joer 2018 an der EU en neit, onkloert Dateschutzgesetz a Kraaft getrueden ass, ouni kloer Richtlinnen doriwwer, wat dat fir d‘Manéier vu relevanter Reklamm un d'Clientë bedeit, hu mir am gudde Glawe geschafft, fir de Clienten d'Kontroll ze ginn, ob si personaliséiert Reklamm op Basis vun hiren Interesse gesi wollten.“
Amazon hätt staark géint d’Entscheedung am urspréngleche Fall an déi disproportionell héich Geldstrof protestéiert. Dowéinst hätt een Appell dogéint gemaach.