arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grupp vun Affer hëlt sech een Affekot

Bedruch bei Online-Banking

|
headphones

3 min

Grupp vun Affer hëlt sech een Affekot

Den Affekot Marc Theisen vertrëtt ee Grupp vun iwwer 70 Bank-Clienten, déi Affer vun enger Online-Fraude goufen. Am Total hunn d’Affer bal eng Millioun Euro geklaut kritt. Gëschter hu si dem Affekot d’Mandat ginn, hir Interessen ze verdeedegen.

headphones

3 min

© picture alliance / dpa | Horst Galuschka
(Foto: picture alliance / dpa | Horst Galuschka)

Wéi grouss den Affer vum Online-Bedruch hir Chancë sinn, hir Suen zréck ze kréien, kann de Me Marc Theisen net beäntwerten. Et géife verschidden Zorte vu Frauden a vun Escroquerië ginn, esou den Affekot.

“Dann ass et un dem Affekot, fir d'éischt emol ze kucken, wat sinn déi genau Faiten, wat ass geschitt, wat huet de Client (...) gemeet? An da kënnt een natierlech an de rechtlechen Domän eran, wat sinn d'Obligatioune vun der Bank.”

D’Bank hätt net nëmme Rechter, mee si hätt och Obligatiounen, ënnersträicht den Affekot.

A Frankräich géif et schonn eng Jurisprudenz an dësem Beräich ginn.

“A Frankräich, do huet d'Cours de cassation elo an e puer Urteeler, ee Renversement de la preuve gemeet, an do geet een dovun aus, dass d'Bank de Feeler gemeet huet, an d'Bank, fir sech ze dechargéieren, déi muss dann e Feeler vun dem Client noweisen, an dat ass natierlech méi schwéier, an ech mengen dat mécht d'Positioun, géing ech soen, vun all deenen dote Leit, méi favorabel.”

Heiansdo “dramatesch Konsequenze” fir d’Leit

Den Affekot Marc Theisen weist awer och dorop hin, datt wann d’Bank ee Client géif indemniséieren, si quasi gezwonge wier, och all déi aner Clienten z’indemniséieren.

“Op där anerer Säit muss ee jo och un d'Leit denken, déi fraudéiert goufen, déi berechtegten Uspréch hunn, wou et heiansdo dramatesch Konsequenze fir Leit huet, ob ee 5.000 Euro verluet oder 10.000 Euro. An ech mengen dat ass elo, meng Missioun an d'Missioun zesumme mat deene Leit do ze kucken, datt mer do dee richtege Wee ginn, an datt mer et och fäerdeg bréngen an deem Sënn Recht ze kréien.”

De Me Marc Theisen wier awer frou, fir “ënnert iergendenger Form” een Arrangement mat de Banken ze fannen. Dat dierft awer ganz schwéier ginn, esou seng Aschätzung.

Intern Feeler bei der Bank?

D’Situatioune wieren och vu Fall zu Fall ëmmer ganz verschidden.

“Mee ënnert dem Stréch muss een et jo soen, et ass villäicht einfach fir d'Bank, fir ze soen, de Client huet e Feeler gemaach. Mee d'Bank misst sech awer och d'Fro stellen, oder virun allem eng Bank, firwat ass dat esou oft bei hinne geschitt? A kann do net d'Chancë relativ grouss sinn, datt et awer intern zu verschiddene Feeler komm ass?”

D’Bank BIL wier am dackste betraff, esou de Me Marc Theisen, deen d’Interesse vu ronn 70 Affer vu Bedruch beim Online-Banking vertrëtt.