arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marine Le Pen ruddert zeréck a wëllt trotz Foussfessel bei Presidentiellen untrieden

Frankräich

|
reading time

2 min

Marine Le Pen ruddert zeréck a wëllt trotz Foussfessel bei Presidentiellen untrieden

D'Marine Le Pen wëllt bei der Presidentielle nächst Joer untrieden, an dat obwuel si ee vum Geriicht ugeuerdenten elektronesche Foussbracelet muss droen a mat dësem och Walkampf maache misst. Dat war eigentlech eppes, wat d'Cheffin vum Rassemblement National bis elo kategoresch ausgeschloss hat.

reading time

2 min

© EPA/Christian Hartmann / POOL MAXPPP OUT
(Foto: EPA/Christian Hartmann / POOL MAXPPP OUT)

Gëschter Owend hat d’Marine Le Pen op TF1 net nëmmen annoncéiert, datt si sech trotz dem Urteel géing opstellen, mee och datt si géint dëst a Cassatioun geet. Doduerch géing de Foussbracelet bis op Weideres entfalen. Et géing fir si keen Zenario ginn, deen hir Kandidatur nach verhënnere kéint, esou d’Marine Le Pen.

"Donc ce soir je serai candidate a l'élection presidentielle et je ne changerai pas d'avis. J'ai aucun doute (de faire une campagne sans bracelet électronique). Et donc nous allons très rapidement, Jordan Bardella et moi-même, démarrer cette campagne présidentielle."

Zesumme mam Jordan Bardella huet d’Marine Le Pen gëschter Owend nach d’Walcampagne "Pour la France, la Renaissance" lancéiert.

Haut wäert den Duo eng éischte Kéier offiziell zesummen op Walkampftour goen.

Déi aner Parteien a Frankräich hunn der Marine Le Pen hir Decisioun staark kritiséiert an hir ënner anerem virgehäit, d’Demokratie als Geisel ze huelen.

D’Urteel vum Cassatiounsgeriicht wäert wuel am Januar kommen, also knapp dräi Méint virun de Presidentiellen.

Lauschtert hei eisem Frankräich-Korrespondent Max Tholl seng Aschätzungen zur aktueller Situatioun ronderëm d'Marine Le Pen