Op der COP30 zu Belém wier net deen néidege grousse Sprong no vir, mee just e klenge Schrëtt op d'Säit gemaach ginn, sot de Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes e Samschdeg um Enn vun der Konferenz, där hiert Resultat aus der Siicht vum Klimaschutz enttäuschend ass.
Enttäuschend wier virun allem de Punkt vun der Klimafinanzéierung, esou den David Hoffmann vun der ASTM. Et wiere just relativ eidel Versprieche ronderëm d'Adaptatiounsfinanz gemaach ginn, woubäi den Agenda vun deem Ausbezuele vun der Finanz nach no hanne verréckelt gi wier, weist den David Hoffmann sech enttäuscht.
"Wat e bëssen eng positiv Nott huet, dat ass definitiv d'Just Transitioun, déi e ganz staarken Human Rights Language huet. Also eeben esou, datt d'Communautéiten an d'Leit ronderëm d'Welt kënnen an där Transitioun gerecht begleet ginn."
Leider géif awer och do de Plang fir d'Finanzéierung feelen, esou den David Hoffmann, virun allem wann dat sollt op eng gerecht Aart a Weis geschéien, "wa mir iwwer Nord-Süd-Gerechtegkeete schwätzen".
Joëlle Welfring weist sech och enttäuscht iwwer den Ausgang vun der COP
Och d'Joëlle Welfring, fréier Ëmweltministesch, ass enttäuscht vum Ausgang vun der COP.
"Et war eng COP, déi als COP vun der Wourecht a vun der Ëmsetzung ugekënnegt ginn ass. A wann ee lo e Resultat huet, wou d'Rausklammen aus de fossille mol net dran ass, da kann ee schonn enttäuscht sinn.
Déi aktuell Deputéiert vun déi gréng ass awer net just vum Ausgang enttäuscht, mee och vun der Europäescher Unioun. Déi hätt sech iwwer déi lescht Joerzéngten als Leader am Klimaschutz profiléiert, mee mëttlerweil hätt deen Image Téitsche kritt. Dat och wéinst dem Zréckschrauwe vum Green Deal an Europa, esou nach d'Joëlle Welfring.