Deen Index huet d‘Ëmwelt- an Entwécklungsorganisatioun Germanwatch am Kader vun der Weltklimakonferenz a Brasilie publizéiert.
D‘Länner géifen deelweis an esou kuerzen Ofstänn vu Wiederextremer getraff ginn, datt se praktesch kéng Zäit méi hätten, sech vun de Katastrophen ze erhuelen, heescht et. Dat wier speziell de Fall fir Haiti, d‘Philippinnen an Indien, déi all an den Top 10 sinn.
Méi Doudesaffer weltwäit duerch Wiederextreemer
Ronn 830.000 Mënsche wieren an de leschten 30 Joer wéinst Wiederextremer gestuerwen.
De Rapport weist drop hin, datt et och an europäesche Länner an de leschte Jore méi Doudesaffer wéinst Wiederextremer an dem Klimawandel gouf. Zum Beispill bei den Iwwerschwemmungen 2021 an Däitschland an zejoert an der spuenescher Regioun Valencia.