arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ COP30: Tëschent alternativem Sommet a Fossillindustrie-Lobbyisten

Weltklimakonferenz zu Belém

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

COP30: Tëschent alternativem Sommet a Fossillindustrie-Lobbyisten

D'Weltklimakonferenz zu Belém a Brasilie geet elo an déi decisiv Phas. Mir zéien en Tëschebilan mam David Hoffmann vun der ASTM, der Action Solidarité Tiers Monde, deen Hoffnung an d'EU huet, si awer och kritiséiert.

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow
© EPA/Andre Coelho
(Foto: EPA/Andre Coelho)

D'Weltklimakonferenz COP30 zu Belém a Brasilie geet grad an déi decisiv Phas. Offiziell soll se bis e Freideg daueren. An den nächsten Deeg sëtzen elo déi zoustänneg Ministeren aus aller Welt zesumme fir en Accord auszehandelen.

1.300 amplaz 300 Milliarden

Dobäi geet et ënner anerem dorëms, ob Entwécklungslänner, déi besonnesch staark vum Klimawandel betraff sinn, an Zukunft méi Sue kréien, fir sech un déi ëmmer méi schwiereg klimatesch Bedéngungen unzepassen.

Aktiviste fuerderen, datt déi räich Industrienatiounen an Zukunft däitlech méi un déi betraffe Länner iwwerweisen, nämlech 1.300 Milliarden Dollar pro Joer, amplaz 300 Milliarden, wéi bis elo an Aussiicht gestallt.

Zu den Aktivisten, déi dat fuerderen, gehéiert den David Hoffmann vun der Lëtzebuerger Action Solidarité Tiers Monde, deen am Moment selwer zu Belém ass fir d'Konferenz ze begleeden. Ganz optimistesch, datt dat geschitt, ass hien net. Hien hofft awer, datt d'EU mam gudde Beispill virgeet.

"Mir hoffen, datt elo d'EU do sech schnell ka rassembléieren, also de Leadership vun der EU, an dann eebe konkreet Proposen op den Dësch ze setzen. Dat heescht wierklech Textbeispiller, well bis elo si mir wierklech bei enger Compilatioun vun 'Deen doten huet dat dote gemengt, gesot, wëllt dat doten.' An dat heescht, et ass leider do op deene Punkten nach net all ze vill Konkreetes an Textform bei eis ukomm."

Näischt op Käschte vun de lokale Populatioune maachen

Fir Drock ze maachen, hunn d'Vertrieder:innen aus der Zivilgesellschaft zu Belém och en alternative Sommet organiséiert. Bal 20.000 Aktivistinnen an Aktivisten hunn dorunner deelgeholl a si si sech och iwwer eng Deklaratioun eens ginn, déi si der Presidence vun der Klimakonferenz iwwerreecht hunn.

"An där Deklaratioun ass ee vun de Kärmessagen, datt mir wierklech ophale mussen eis op déi falsch Solutiounen ze stäipen. Dat heescht déi Solutiounen, déi oft dann en technologesche Volet hunn."

Dacks géife fir esou Technologien, déi fir erneierbar Energië gebraucht ginn, nämlech Matière-premièren ofgebaut ginn, déi dann op Käschte vun der lokaler Populatioun an den Entwécklungslänner ginn, esou den David Hoffmann.

D'Fossillindustrie bedreift Marketing zu Belém

An da sinn awer och net just Klimaaktiviste wéi den David Hoffmann, déi probéieren d'Klimaverhandlungen zu Belém ze beaflossen, mee och Lobbyisten, déi sech fir de Secteur vun de fossillen Energië staark maachen. Eppes bedauert den David Hoffmann dobäi besonnesch.

"D'EU-Memberstaaten an hiren Delegatiounen hunn iwwer 120 Fossillindustrie-Lobbyiste mat dobäi. Ech menge Frankräich huet Leit wéi de President vun TotalEnergies dobäi an et ass kloer, datt mir mengen, datt déi ganz kloer blockéieren an déi Negociatiounen hei onnéideg verkomplizéieren."

Firme wéi TotalEnergies géingen hir eege Projeten als "Green Solutiouns" verkafen a quasi Marketingcampagnen zu Belém starten, esou d'Kritik vum David Hoffmann.    

play_arrow Lauschteren